Op den Inhalt sprangen

Nasir al-Mulk-Moschee

Vu Wikipedia
Nasir al-Mulk-Moschee
Land Iran
Koordinaten 29°36'30,8"N, 52°32'54,5"O
Fläch 2.414
Datum vum Bau 1876
Opgaangen 1888

D'Nasīr al-Mulk Mosque (Farsi: مسجد نصیر الملك – Masjed-e Nasir ol Molk) ass eng traditionell Moschee zu Shiraz am Iran, op der Goade-e-Araban-Plaz.

Se gouf an der Qājār-Epoch, tëscht 1876 an 1888, op Uerder vum Mirza Hasan Ali Nasir al Molk, engem vun den Herrscher vun der Qajar Dynastie, gebaut.

D'Architekte waren de Muhammad Hasan-e-Memar an de Muhammad Reza Kashi Paz-e-Shirazi.

An der Fassad vun der Moschee ass besonnesch vill faarwegt Glas verschafft, an et sinn och aner traditionell Design-Elementer ze gesinn, wéi de Panj kāseh-i (fënnef Konkaven).

D'Moschee gouf restauréiert, a se gouf 1955 als nationaalt Monument geschützt. Se gëtt vun der Nasir Al-Molk Endowment Foundation ënnerhalen.

 Commons: Nasir al-Mulk-Moschee – Biller, Videoen oder Audiodateien