Nassau-Weilburg
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |


Nassau-Weilburg ass eng vun de Linne vum Haus Nassau. Si hat hiert Stammschlass zu Weilburg.
Vun 1890 un huet d'Haus Nassau-Weilburg d'Herrscher vu Lëtzebuerg gestallt. Bis 1866 war et d'Herrscherhaus am Herzogtum Nassau an Däitschland. Well de Wëllem IV. keng männlech Nokommen hat, ass mat sengem Doud 1912 déi eigentlech Linn vum Haus Nassau-Weilburg erlosch an zënter dem Groussherzog Jean heescht d'Famill Lëtzebuerg-Nassau aus dem Haus Bourbon-Parma an de groussherzogleche Wope gouf deementspriechend geännert.
D'Groussherzoge vu Lëtzebuerg ënner Nassau-Weilburg
[änneren | Quelltext änneren]| Rang | Portrait | Numm | Regéierzäit | Titelen |
|---|---|---|---|---|
| 1 | Adolphe (24. Juli 1817 - 17. November 1905) | 23. November 1890 - 17. November 1905 | Groussherzog vu Lëtzebuerg an Herzog vun Nassau | |
| 2 | Wëllem IV. (22. Abrëll 1852 - 25. Februar 1912) | 17. November 1905 - 25. Februar 1912 | Groussherzog vu Lëtzebuerg an Herzog vun Nassau | |
| 3 | Marie-Adélaïde (14. Juni 1894 - 24. Januar 1924) | 25. Februar 1912 - 15. Januar 1919 | Groussherzogin vu Lëtzebuerg an Herzogin vun Nassau | |
| 4 | Charlotte (23. Januar 1896 - 9. Juli 1985) | 15. Januar 1919 - 12. November 1964 | Groussherzogin vu Lëtzebuerg an Herzogin vun Nassau | |
| 5 | Jean (5. Januar 1921 - 23. Abrëll 2019) | 12. November 1964 - 7. Oktober 2000 | Groussherzog vu Lëtzebuerg an Herzog vun Nassau | |
| 6 | Henri (16. Abrëll 1955) | 7. Oktober 2000 - 3. Oktober 2025 | Groussherzog vu Lëtzebuerg an Herzog vun Nassau | |
| 7 | Guillaume (11. November 1981) | zanter dem 3. Oktober 2025 | Groussherzog vu Lëtzebuerg an Herzog vun Nassau |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Nassau-Weilburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |