Op den Inhalt sprangen

Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw

Vu Wikipedia
Uerde vum Gëllene Léiw aus dem Haus Nassau
Barett
De Grand-Duc Henri an den Ierfgroussherzog Guillaume mat den Insigne vum Uerden (v. r. n. l.)

Den Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw ((fr) Ordre du Lion d'Or de la Maison de Nassau, (de) Nassauischer Hausorden vom Goldenen Löwen) ass de gemeinsamen Hausuerde vum Kinnek vun Holland an dem Groussherzog vu Lëtzebuerg aus dem Haus Nassau.

Et ass den héchsten Uerden zu Lëtzebuerg. An Holland ass et den héchsten Hausuerden, läit awer op der drëtter Plaz vun den hollänneschen Uerden, hannert dem Grousskräiz vum (nl) Militaire Willems-Orde an dem Uerde vum hollännesche Léiw ((nl) Orde van de Nederlandse Leeuw).

Den Uerde gouf den 29. Januar 1858 vum hollännesche Kinnek Wëllem III. an dem Adolphe, Herzog vun Nassau als gemeinsamen Hausuerde an d'Liewe geruff[1][2]. De Grond fir d'Schafe vum Uerde war engersäits de 600. Anniversaire vum Splécke vum Haus Nassau an d'ottonesch an an d'walramesch Linn an anersäits de 50. Anniversaire vum Herzogtum Nassau.

Den ursprénglechen Uerde mat just enger Klass gouf den 13. Mäerz 1873 vum Wëllem III. a véier Graden agedeelt: Grand-Croix, Grand-Officier, Officier a Chevalier; 1882 koum dunn nach eng fënneft Klass, de Commandeur derbäi. Déi Ännerunge waren all vum Wëllem III. gemaach ginn, ouni datt hien am Virfeld mam Adolphe geschwat hat. Nom Wëllem sengem Doud am Joer 1890 ass den Uerden net méi verdeelt ginn.

Den Adolphe huet zwee Joer nodeem hien op den Troun koum, d'Ännerungen déi de Wëllem agefouert hat, nees ofgeschaaft. Zu Lëtzebuerg gouf den Uerde vun 1892 nees verginn an an Holland gouf en 1905 vun der Wilhelmina I. nees agefouert. A béide Länner besteet en awer just nach mat enger Klass.

Den Uerden, dee ganz seele vergi gëtt, ass prinzipiell fir Herrscher reservéiert. Et kënnen awer och Persounen domat ausgezeechent ginn, déi den Titel „Exzellenz“ hunn oder op d'mannst Ambassadeur, Generolleitnant, Staatsminister, Äerzbëschof oder en ieweschte Beamte vum Haff sinn. D'Prënzen aus dem Haus Nassau sinn d'office Chevalier am Uerden.[3]

 Commons: Nassaueschen Hausuerde vum Gëllene Léiw – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Arrêté royal grand-ducal du 31 mars 1858, concernant l'institution d'un Ordre commun aux deux branchés de la Maison de Nassau, sous le nom de: «Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau.». data.legilux.public.lu (31.03.1858). Gekuckt den 12.04.2025.
  2. (fr) Arrêté royal grand-ducal du 31 mars 1858, concernant l'institution d'un Ordre commun aux deux branchés de la Maison de Nassau, sous le nom de: «Ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau.» (PDF). PDF Versioun mam initialen Text. legilux.public.lu. Gekuckt den 12.04.2025.
  3. (fr) Arrêté grand-ducal du 22 février 1892, modifiant les statuts de l'ordre du Lion d'or de la Maison de Nassau. Art. 2 + 3. data.legilux.public.lu (22.02.1892). Gekuckt den 12.04.2025.