Op den Inhalt sprangen

Nathalie Morgenthaler

Vu Wikipedia
Nathalie Morgenthaler
Gebuer 9. Oktober 1979
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV

D'Nathalie Morgenthaler, gebuer den 9. Oktober 1979 zu Esch-Uelzecht , ass eng lëtzebuergesch Politikerin (CSV).[1]

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

D'Nathalie Morgenthaler huet 2003 eng Licence en sciences politiques op der Universtéit vu Louvain-la-Neuve gemaach an 2004 en DEA en relations internationales et intégration européenne op der Universitéit vu Léck.[Source?]

Vun 2004 bis 2005 war si Assistante pédagogique am Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht.

Vun 2006 bis 2008 war si politesch Beroderin beim LCGB a vun 2008 bis November 2023 Direktesch vum Centre pour l'égalité de traitement (CET).

D'Nathalie Morgenthaler ass zënter 1997 Member an der CSV.

1999 war si mat 19 Joer Kandidatin bei de Gemengewalen an huet 2003 d'Marcelle Lentz-Cornette am Suessemer Gemengerot ersat. Do gouf si ëmmer erëmgewielt an zënter 2017 ass si 1. Schäffin[1] an der Gemeng Suessem.

Si war Kandidatin bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 op der CSV-Lëscht am Walbezierk Süden an ass den 21. November 2023 fir de Gilles Roth nogeréckelt, deen e Ministeschmandat ugeholl huet.[2]

Commons: Nathalie Morgenthaler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Fiche op chd.lu (nogekuckt 2023-11-24).
  2. (fr)La Chambre est désormais complète. Chambre des députés du grand-duché de Luxembourg. Gekuckt de(n) 2023-11-21.