National Association for the Advancement of Colored People

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo vun der NAACP

D'National Association for the Advancement of Colored People, ofgekierzt NAACP, ass déi eelst an aflossräichst Biergerrechtsorganisatioun an den USA déi sech haaptsächlech fir d'Rechter vun de Schwaarzen (colored people) asetzt. Si definéiert hir Missioun als d'Areeche vun der Egalitéit tëscht de Bierger am Beräich vun der Politik, der Bildung, dem Sozialwiesen an der Economie an d'Eliminatioun vu Rassenhaass a rassistescher Diskriminatioun.

De Sëtz vun der NAACP ass zu Baltimore am Maryland.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'NAACP ass 1909 ënner anerem als Äntwert op d'Lynche vun Afroamerikaner an d'Rassenonrouen 1908 zu Springfield, der Haaptstad vun Illinois, entstanen. E Grupp liberal, wäiss Persounen, dorënner Nokomme vun Abolitionisten, haten zu enger Versammlung opgeruff fir iwwer d'Ongerechtegkeet ze diskutéieren, mat där déi schwaarzen Amerikaner hu musse liewen. Ëm déi 60 prominent Leit, dovu siwen Afroamerikaner (zum Beispill de W. E. B. Du Bois), hunn den 12. Februar 1909 eng Deklaratioun ënnerschriwwen, déi um honnertjärege Gebuertsdag vum Abraham Lincoln verëffentlecht ginn ass.[1]

Den éischten nationale Büro huet d'NAACP 1910 zu New York opgemaach. De W. E. B. Du Bois war deemools deen eenzegen Afroamerikaner an der Exekutiv vun der Organisatioun. Hien huet am selwechte Joer d'Zäitschrëft The Crisis lancéiert, déi sech als wichtegt Presseorgan an der Biergerrechtsbeweegung konnt etabléieren.[1]

D'NAACP konnt sech séier entwéckelen an hat 1919 schonn 90 000 Memberen an iwwer 300 Büroen am Land. Den James Weldon Johnson ass 1920 der Organisatioun hiren éischten afroamerikanesche Sekretär ginn. Si konnt Erfolleger um Geriicht verbuchen, zum Beispill an deem si de Staat Oklahoma wéinst enger diskriminéierender Klausel a sengem Walgesetz verklot huet, an huet 30 Joer laang Campagne géint d'Lynchjustiz gemaach.

Mat der Wirtschaftskris an den 1930er, vun där Afroamerikaner iwwerproportional betraff waren, huet d'Organisatioun ugefaangen, sech och fir eng economesch Gerechtegkeet ze interesséieren, an an den 1940er ass d'Popularitéit vun der NAACP weider gewuess. 1946 hat si ëm déi 600 000 Memberen.[1]

E weidere Succès hat d'NAACP 1954, wéi d'Iewescht Geriicht entscheed huet, datt d'Segregatioun a Schoulen, déi e Subside vum Staat kréien, géint d'Verfassung verstéisst.

An den 1960er sinn aner Organisatiounen mat neien Approche entstanen, fir sech fir d'Rechter vun den Afroamerikaner agesat hunn. Si hu méi op direkt Aktiounen an d'Mobilisatioun vun de Masse gesat wéi op d'Legislatioun an d'Geriichter. Dobäi ass et dann och zu Streidereien komm tëscht der NAACP an neie Biergerrechtler wéi dem Martin Luther King, Jr..

An den 1990er war d'Organisatioun an der Kris an hat ënner anerem mat finanzielle Schwieregkeeten ze kämpfen, déi se an Tëschenzäit awer erëm konnt behiewen.

2012 huet de Verwaltungsrot d'gläichgeschlechtlech Bestietnes och formell als Biergerrecht bestätegt, no jorelaanger informeller Ënnerstëtzung. Verschidde konservativ chrëschtlech Memberen hu sech doropshin aus der Organisatioun zréckgezunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: National Association for the Advancement of Colored People – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 NAACP: 100 Years of History (gekuckt den 8. Juni 2015)