National Space Science Data Center

Vu Wikipedia

Den National Space Science Data Center (NSSDC) archivéiert all wëssenschaftlech Resultater vun US-Fuerschungssatellitten a Raumsonde souwéi Beschreiwunge vun dësen an hire wëssenschaftlechen Instrumenter. Och d'Beschreiwunge vun de wëssenschaftleche Missioune vun anere Staate ginn (wann disponibel) notéiert. Weider enthält et verschidde Billersammlungen iwwer Planéiten, Mounden, Koméiten, Asteroiden a Raumgefierer. D'NSSDC gëtt vum Goddard Space Flight Center vun der NASA bedriwwen.

Master Catalog[änneren | Quelltext änneren]

De Master Catalog erméiglecht dat gezilt Sichen no:

  1. Raumfluchkierper
  2. Experimenter an de Raumfluchkierper
  3. Publikatiounen
  4. Kaarte vu Merkur, Mars an Äerdmound

Bei der Sich no Raumflugkierper kënnen déi mat hirem Numm, dem Startdatum oder dem Gebrauchszweck gesicht ginn. Nieft enger Beschreiwung, déi bei Fuerschungssatellitten oder Raumsonden dacks och Biller hunn, huet si och eng Ënnersäit mat Bunndonnéeën. Geneesou gëtt et och Linken iwwer Experimenter, Publikatiounen a Biller, wann déi disponibel sinn. (Bei Noriichten- oder militäresche Satellitte gëtt et dacks nëmmen eng ganz kuerz Beschreiwung a Bunndonnéeën.)

NSSDC ID[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt den Haaptartikel COSPAR-Bezeechnung

All Raumfluchkierper hunn an deem Katalog eng eendeiteg Nummer, d'NSSDC ID. Si setzt sech zesummen aus dem Startjoer, engem Bindestréch, der Startnummer (wéivillte Start vum Joer, dräistelleg) an ee bis dräi Buschtawen, déi uginn, ëm wéi ee Raumfluchkierper oder aner Komponente vum jeeweilege Starten et sech handelt. D'Nummeréierung fänkt bal ëmmer mat de Raumfluchkierper un. Deen am Internet disponibele Katalog huet an der Reegel nëmmen Informatiounen iwwer d'Raumfluchkierper.

Referenz[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]