Nationalmusée um Fëschmaart
![]() |
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() |
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
![]() | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Ënnersteet der/dem | Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht |
Gegrënnt | 16 Dezember 2022 |
Um Spaweck | https://www.nationalmusee.lu/fr/ |
Den Nationalmusée um Fëschmaart, fréier dacks vereinfacht Staatsmusée genannt, ass e Musée an der Stad Lëtzebuerg um Fëschmaart, dee vum Staatleche Kulturinstitut Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art (MNAHA) bedriwwe gëtt. De Musée krut säin aktuellen Numm mam Gesetz vum 16. Dezember 2022, virdrun housch e Musée national d'histoire et d'art[1].
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Zanter 1939 ass de Musée um Fëschmaart am fréieren Hôtel Colart-De Scherff. An den 1970er Jore goufen d'Haiser vis-à-vis an der Wiltheimstrooss mat abezunn, fir dora konschthandwierklech an Alldagsgéigestänn aus de vergaangene Joerhonnerten auszestellen.
1997 huet de Fonds de la rénovation de la vieille ville en Architekteconcours ausgeschriwwen, fir de Musée ze moderniséieren an ze vergréisseren. De Gewënner, de Christian Bauer, konnt säi Projet realiséieren, deen et erméiglecht huet, d'Ausstellungsfläch ze verduebelen, ouni datt dat op d'Käschte vun den Nopeschhaiser goung. Hien huet de Fiels ënner dem Fëschmaart aushielege gelooss, fir do op 5 Stäck ënner dem Buedem Säll anzeriichten. Virun d'Säitefassad vum Haaptgebai gouf eng nei Fassad gebaut, déi, streng rechteckeg an ouni Fënsteren (bis op d'Entrée), e modernen Accent setzt.
D'Konzept vum Musée ass et z'erméiglechen, d'Chronologie vu Geschicht a Konscht vun ënnen no uewen nozevollzéien. Sou sinn Ur- a Fréigeschicht am ënneschte Keller, um -5 (de fräigeluechte Sandsteen bitt heifir e giedleche Kader), an d'geet dann erop bis op de 4. Stack, wou d'modern Molerei ënnerbruecht ass.
De Musée ass a senger neier Form den 22. Juni 2002 (iwwer dem Buedem) an den 29. November 2002 (ënner dem Buedem) ageweit ginn.
Direkter ass zanter 2006 de Geschichtsprofesser an Archeolog Michel Polfer.
Sektiounen[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
Exemplaire Exponater[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
Biller[änneren | Quelltext änneren]
![]() |
Archeologesch Sektioun[änneren | Quelltext änneren]
...
Gallo-Réimesch Sektioun[änneren | Quelltext änneren]
-
Muse-Mosaik vu Viichten
-
Gisselche vum Tëtelbierg (1. Jh v. Chr. - 1. Jh. n. Chr.)
-
réimeschen Helm, zu Helleng fonnt.
-
Relief vun der Epona
Konschtsektioun[änneren | Quelltext änneren]
-
Joseph Kutter: Hëlze Päerd
-
Dominique Lang: Le barrage
-
Nico Klopp: Bréck zu Réimech
-
Eugène Mousset: Schnéilandschaft
Mënzecabinet[änneren | Quelltext änneren]
-
Gëlle Mënz mam Keeser Gratian drop
Konschthandwierk[änneren | Quelltext änneren]
...[änneren | Quelltext änneren]
Direkteren[änneren | Quelltext änneren]
- 1939-1964: Joseph Meyers
- 1964-1969: Marcel Heuertz
- 1969-1990: Gérard Thill
- 1990-2005: Paul Reiles
- zanter 2006: Michel Polfer
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
- Lëscht vu lëtzebuergesche Muséeën
- Schéieschlach, e Passage an der rue Wiltheim ënner engem vun de Gebaier vum Musée
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Nationalmusée um Fëschmaart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Site vum Musée
- Interview mam Christian Bauer vun 2001 iwwer den Ausbau an d'Nei-Organisatioun am d'Lëtzebuerger Land vum 23.03.2001, op eluxemburgensia.lu
- Loi du 17 août 1960 ayant pour objet l'organisation des Musées de l'Etat am Mémorial N° 52 vum 17. August 1960, S. 1279 - S. 1280
- Loi du 28 décembre 1988 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat am Mémorial A - N°71 vum 28. Dezember 1988, S. 1480 - 1492
- Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat am Mémorial A - N° 120 vum 15. Juli 2004, S. 1798 - S. 1810
- Nationalmusée fir Geschicht a Konscht: Youtube channel
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ Loi du 16 décembre 2022 portant modification de la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État. data.legilux.public.lu (16.12.2022). Gekuckt de(n) 20.12.2022.