Nationalstrooss 10
Panorama mat der N10 tëscht Stadbriedemes an der Hëttermillen | |
Strooss vun den dräi Flëss | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Schengen, Bundesstrooss 407 |
Koordinaten | 49°28'18,01"N, 6°22'3,50"O |
Enn |
Maarnech, Nationalstrooss 18 |
Koordinaten | 50°3'5,47"N, 6°4'21,68"O |
Duerch | Schengen, Réimech, Stadbriedemes, Wuermer, Gréiwemaacher, Mäertert, Rouspert-Mompech, Iechternach, Bäerdref, Beefort, Reisduerf, Veianen, Pëtschent, Parc Housen |
Längt | 112 km |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 10 |
D'Nationalstrooss 10 oder N10 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Réimech, Gréiwemaacher, Iechternach, Dikrech, Veianen a Klierf. Si féiert vun der däitscher Grenz zu Schengen laanscht d'Musel, d'Sauer an d'Our bis op Maarnech wou se Uschloss un d'N18 huet.
D'Strooss vun den dräi Flëss wéi se och nach genannt gëtt, ass mat 112 km déi längst Nationalstrooss am Land[1]. Se leeft ni iwwer d'Musel, eemol iwwer d'Sauer a véiermol iwwer d'Our.
Laf vun der Strooss
[änneren | Quelltext änneren]Muselstrooss
[änneren | Quelltext änneren]D'N10 fänkt op der däitscher Grenz zu Schengen op der Bréck iwwer d'Musel un, wou se un déi däitsch B407 ugeschloss ass. Vun do leeft se an nërdlecher Richtung laanscht d'Musel, ënner der Autobunn A13 erduerch, weider laanscht Wëntreng, Schwéidsbeng a Bech-Maacher bis op Réimech, wou se sech mat der N2 kräizt.
Weider geet se laanscht Stadbriedemes, d'Hëttermillen, Éinen, Wuermer, Ohn a Meechtem bis op Gréiwemaacher, wou se an d'N1 iwwergeet. Zesumme mat der N1 geet se laanscht Mäertert bis op Waasserbëlleg, wou se op der Kräizung vun der Grand-Rue mat der Rue des Bergers no lénks ofbéit a sech nees vun der N1 trennt.
Laanscht d'Musel gëtt d'Strooss och nach Wäistrooss genannt.
Sauerstrooss
[änneren | Quelltext änneren]Vu Waasserbëlleg aus geet se viru laanscht d'Sauer, ënner der Autobunn A1 erduerch, duerch Méischdref, Bur, Hénkel, Rouspert a Steenem bis op Iechternach, wou se an d'N11 iwwergeet a mat där bis un d'Enn vun der Rue du Pont matleeft. Bis Enn 2021 war se vun do un ënnerbrach an ass eréischt nees am nërdlechen Ausgank vun Iechternach bei der Kräizung vun der Rue de la Gare mat der Rue Ermesinde virun an nordëstlecher Richtung laanscht d'Sauer gelaf[2].
Den Tracé zu Iechternach war duerch den Tunnel ugeduecht, deen am Kader vum Stroosseprojet vun 1973 – wéi déi nei Sauerbréck gebaut gouf – geplangt gi war[3].
Vun Iechternach aus leeft der N10 hiren Tracé duerch d'Weilerbaach, d'Bollenduerfer Bréck, de Grondhaff, Déiljen an d'Wallenduerfer Bréck bis op Reisduerf, wou se d'N19 kräizt.
Ourdallstrooss
[änneren | Quelltext änneren]Vu Reisduerf aus geet d'N10 weider nërdlech ëmmer laanscht d'Our duerch Héischdref a Bëttel bis op Veianen, wou se d'N17 kräizt.
Si geet da virun nërdlech laanscht d'Our duerch Biwels, Stolzebuerg, Ënnereesbech, Uewereesbech a Rouderssen bis op d'Doosber Bréck.
Vun do u geet se a westlecher Richtung aus dem Ourdall erop bis op Maarnech, wou se op der Kräizung mat der N18 zu Enn geet.
Entwécklung vun der N10
[änneren | Quelltext änneren]- Virun 1958 ass Strooss tëscht Réimech a Gréiwemaacher als N10 bezeechent ginn;
- duerno koumen d'Deeler Waasserbëlleg - Iechternach - Grondhaff (bis dohin: N19) a Veianen - Maarnech (bis dohin: CR343) bei d'N10 derbäi[4] ;
- vun den 1960er bis an d'1990er Jore gouf vu Rëmerschen bis op Réimech eng nei Strooss gebaut, déi d'Uertschaften Rëmerschen, Wëntreng, Schwéidsbeng, Welleschten a Bech-Maacher westlech ëmfiert a bei d'N10 derbäi koum;
- eng Rei Upassunge vum Tracé vun der N10 am Beräich Rëmerschen an Iechternach gouf et 1995 am Kader vun der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau[5];
Erneierung vun der Strooss[6]
[änneren | Quelltext änneren]Scho virun 2014 war festgestallt ginn, datt d'Strooss op der Streck tëscht der Doosber Bréck a Maarnech an engem ganz schlechten Zoustand war an den Deputéierten André Bauler hat beim Transportminister intervenéiert fir datt d'Strooss an d'Rei gesat sollt ginn[7]. Éischt Pläng fir d'Erneierung vun der Strooss konnten net realiséiert ginn, well se keen Accord vun der Ëmweltverwaltung kruten. Et goufen dunn 2016 zousätzlech Etüde gemaach, fir datt d'Strooss am Konsens tëscht dem Sécherheetsaspekt an der Ëmwelt erneiert kéint ginn[8].
D'Sanéierungsaarbechte konnte schlussendlech Mëtt Abrëll 2019 ufänken a goufen de 25. September 2020 ofgeschloss.
D'Streck gouf deelweis méi breet gemaach (6 Meter) an de Käschtepunkt fir de Reamenagement vun der 4,22 km laanger Streck beleeft sech op 4 Milliounen Euro.
- Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau goufen d'Gemengestrooss Rue Ermesinde (bis dohin CR366) an d'Rue Charly zu Iechternach bei d'N10 geschloe fir den Tracé vun der Nationalstrooss duerch d'Abteistad duerchgängeg ze maachen; d'N10 ass domat ëm 646 m. „gewuess“[2].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'N10 zu Réimech…
-
zu Ohn…
-
an zu Uewereesbech.
-
E Kilometersteen...
-
an Direktiounsschëlter op der N10.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nationalstrooss 10 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Rankingen op RTL.lu: Déi längsten Nationalstroossen zu Lëtzebuerg sinn?. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-31.
- ↑ 2,0 2,1 (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.
- ↑ Tunnel in Echternach. Wort.lu (2013-12-23). Gekuckt de(n) 2021-01-30.
- ↑ Topographesch Kaart vun 1964. geoportail.lu (1964). Gekuckt de(n) 31.01.2021.
- ↑ Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-31.
- ↑ Streck tëscht Doosber-Bréck a Maarnech nees fir den Trafic op. www.rtl.lu (28.09.2020). Gekuckt de(n) 28.09.2020.
- ↑ Question N°0630 de Monsieur André Bauler concernant Réaménagement de la N10 entre Dasbourg et Marnach. www.chd.lu/ (16.10.2014). Gekuckt de(n) 28.09.2020.
- ↑ Réponse du Ministre du Développement durable et des Infrastructures à question N°2787 de Monsieur André Bauler concernant Route nationale N10 entre Dasbourg et Marnach. www.chd.lu. Gekuckt de(n) 28.09.2020.