Nationalstrooss 11
N 11 | ||
Laf vun der Strooss | ||
Land: | ![]() | |
Direktioun: | Vun Eech op Iechternach | |
Laf an Uschlëss | ||
Eech | ![]() | |
![]() | ||
![]() | ||
![]() | ||
Brennerei | ![]() | |
Méchelbuch | ![]() | |
Waldhaff | ![]() | |
Gonnereng | ![]() | |
![]() | ||
Jonglënster | ![]() | |
![]() | ||
Grolënster | ![]() | |
Schanz | ![]() | |
![]() | ||
![]() | ||
Odericht | ![]() | |
Méchelshaff | ![]() | |
Lauterbuer | ![]() | |
Iechternach | ![]() | |
![]() | ||
![]() | ||
![]() |
D'Nationalstrooss 11 oder N11, an och Iechternacherstrooss genannt ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg, Gréiwemaacher an Iechternach.
Si huet hiren Ufank zu Eech op der N7. Se féiert vun do praktesch de ganzen Zäit an nordëstlecher Direktioun iwwer de Waldhaff op Gonnereng, vun do op engem Contournement, deen am September 2015 opgoung[1], ronderëm Jonglënster, an dann iwwer Grolënster, d'Schanz, Wuelper, Méchelshaff a Lauterbuer op Iechternach.
Zu Iechternach féiert se dann op déi al Bréck an dann iwwer d'Sauer an Däitschland, wou se Uschloss un d'L1 a gläich duerno un d'B257 / E29 huet. Zu Iechternach kräizt se sech och mat der N10.
Zu Lëtzebuerg leeft ausser engem klenge Stéck zu Iechternach, d'E29 bis op d'Eecherplaz iwwer d'N11.
Zanter dem 18. September 2015 leeft d'N11 net méi duerch Jonglënster, mä iwwer e Contournement, deen tëscht Gonnereng a Jonglënster ufänkt an e Stéck no der Kräizung mam CR121 nees op deem fréieren Tracé erauskënnt. De fréieren Tracé vun der N11 duerch Jonglënster ass zanterhier den CR121A.
D'Gesamtlängt vun der N11 ass zirka 31,5 km.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Route nationale 11 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
E Schëld als Kilometersteen zu Gonnereng
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ "De Contournement vu Jonglënster ass op!". rtl.lu, 18.09.2015, 13:55:27.