Nationalstrooss 12

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nationalstrooss 12
N12 Luxembourg.svg
Esch-Sûre, Hierheck (2).jpg
D'N12 an der Hierheck
Luxembourg N12.png
Lëtzebuerg - Wämperhaart
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 6
Koordinaten 49°36'49,25"N, 6°7'2,53"O
Enn Wämperhaart,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 50°9'21,60"N, 6°3'6,26"O
duerch Lëtzebuerg, Koplescht, Kielen, Helperknapp, Sëll, Useldeng, Réiden op der Atert, Préizerdaul, Groussbus, Esch-Sauer, Stauséigemeng, Géisdref, Wolz, Wanseler, Wëntger, Ëlwen
Längt 68 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 12


Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg AB-Kreuzung.svg N 6 Areler Strooss
AB-Kreuzung.svg CR 217 Av. de la Faïencerie
AB-Kreuzung.svg CR 230 Reckendall
AB-Kreuzung.svg N 55 Siwebueren
Briddel AS-rondo-icon.svg CR 181
Koplescht AB-Fluss.svg Mamer
AB-Kreuzung.svg CR 101
AB-Kreuzung.svg CR 103
Katrewang AB-Kreuzung.svg CR 102
Dondel AB-Fluss.svg Uesbech
AB-Kreuzung.svg CR 105B
Buer AB-Kreuzung.svg CR 105
AB-Fluss.svg Äisch
AB-Kreuzung.svg CR 105
Tënten AB-Kreuzung.svg CR 112
Sëll AB-Kreuzung.svg N 8
AB-Kreuzung.svg N 8
AB-Kreuzung.svg CR 301
Schweebecher Bréck
Rippweiler Barrière AS-rondo-icon.svg N 24
Räichel AB-Kreuzung.svg CR 301
AB-Fluss.svg Atert
AB-Kreuzung.svg N 22
AB-Kreuzung.svg N 23
Routbaach AB-Kreuzung.svg N 22
AB-Kreuzung.svg N 22A
AB-Fluss.svg Routbaach
Biebereg AB-Kreuzung.svg CR 116
Proz AB-Kreuzung.svg CR 116
AB-Fluss.svg Schankegriecht
Groussbus AB-Kreuzung.svg CR 307
AB-Kreuzung.svg CR 306
AB-Kreuzung.svg CR 306
AB-Fluss.svg Waark
AB-Kreuzung.svg N 21
Léierhaff AB-Kreuzung.svg CR 345
Weierhaff AB-Fluss.svg Turelbaach
Hierheck AB-Kreuzung.svg CR 308
AB-Kreuzung.svg CR 308
Eschduerf AB-Kreuzung.svg CR 314
AB-Fluss.svg
AB-Fluss.svg Heesbech
Heischtergronn AB-Kreuzung.svg N 15
AB-Fluss.svg Sauer
AB-Kreuzung.svg N 27
AB-Kreuzung.svg N 27
AB-Fluss.svg Dirbaach
Bidscht AB-Kreuzung.svg N 15
AB-Fluss.svg Schlirbech
Wolz AS-rondo-icon.svg CR 321
AB-Kreuzung.svg CR 318
AB-Kreuzung.svg N 26
AB-Kreuzung.svg N 25
AB-Kreuzung.svg N 26A
AB-Kreuzung.svg CR 329A
AB-Kreuzung.svg CR 329
AB-Kreuzung.svg CR 319B
AB-Fluss.svg Wolz
Ierpeldeng AB-Kreuzung.svg CR 325
AB-Fluss.svg Himmelbaach
AB-Fluss.svg
Déierbech AB-Kreuzung.svg CR 328
AB-Kreuzung.svg CR 329B
AB-Kreuzung.svg CR 309
AB-Kreuzung.svg CR 309 CR 329
Féitsch AB-Kreuzung.svg N 20
Heesdref
Wëntger AB-Kreuzung.svg CR 332
Antoniushaff AS-rondo-icon.svg N 18 CR 362
Stackem AB-Kreuzung.svg CR 373
Leeresmillen AB-Fluss.svg Trëtterbaach
Éimeschbaach AB-Kreuzung.svg CR 333B
Aasselbuer AB-Kreuzung.svg CR 334
Maison Legay AB-Kreuzung.svg CR 333
Ëlwen AB-Kreuzung.svg CR 374
AB-Fluss.svg Wolz
AB-Brücke.svg CFL-Linn 1
AB-Kreuzung.svg CR 337
AB-Kreuzung.svg CR 337
Wilwerdang AB-Kreuzung.svg CR 336
AB-Kreuzung.svg CR 336
Wämperhaart AS-rondo-icon.svg N 7 N 62

D'Nationalstrooss 12 oder N12 ass eng vun de längsten Nationalstroossen zu Lëtzebuerg a geet duerch d'Kantone Lëtzebuerg, Capellen, Réiden, Wolz a Klierf. Nieft der N7 ass et eng alternativ Nationalstrooss déi vun der Stad aus op d'Wämperhaart féiert.

D'N12 ass mat 68 km déi drëttlängst Nationalstrooss am Land.

Laf[änneren | Quelltext änneren]

Si huet hiren Ufank op der N6 an der Stad Lëtzebuerg, vis-à-vis vum Square de New York, a féiert vun do aus duerch de Rollengergronn iwwer de Briddel an duerch Koplescht. Hanner Koplescht bis op de Katrewang bei Kielen besteet d'N12 aus enger Allee, där hir Beem wéinst dem impressionnanten Ubléck zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg zielen.

Se geet da weider iwwer Dondel, Buer an Tënten bis op Sëll, wou se d'N8 kräizt.

Viru geet et da laanscht Schweebech a Rippweiler, wou d'N12 d'N24 kräizt. An der nächster Uertschaft Räichel kräizt se sech mat der N22 an der N23. Duerno geet hire Verlaf duerch de Préizerdaul bis op Groussbus, wou se sech mat der N21 kräizt.

E puer Kilometer hanner Eschduerf kräizt se sech mat der N15. Weider geet hiren Tracé duerch den Heischtergronn iwwer d'Sauer a kräizt kuerz drop d'N27.

D'N12 geet weider nërdlech duerch Bidscht bis op Wolz, wou se sech mat der N25 an N26 kräizt. Se geet dann duerch Déierbech virun a kräizt sech, e puer Kilometer hannendrun, mat der N20.

Da geet se weider duerch Heesdref a Wëntger a kräizt sech kuerz hanner dem Antoniushaff mat der N18. Weider geet et duerch Aasselbuer, Ëlwen a Wilwerdang bis op d'Wämperhaart, wou se an engem Rond-point Uschloss un d'N7 huet. Vun der Wämperhaart aus kënnt een dann iwwer déi belsch N62 déi do en Deel vun der E421 ass, weider op Sankt Vith.

D'Gesamtlängt vun der N12 ass zirka 87 km.

Gemeinsam Streck mat aneren Nationalstroossen[änneren | Quelltext änneren]

  • Op ronn 500 m. leeft d'N22 zu Räichel iwwer d'Streck vun der N12;
  • vum Heischtergronn bis op Bidscht – op ca. 5,6 km – leeft d'N15 parallel iwwer d'N12;
  • d'N27 déi vun der Toodlermillen kënnt an am Heischtergronn op d'N12 stéisst, leeft och ronn 500 m. iwwer d'N12, ier se an den Tunnel fir op Esch-Sauer ofbéit.

Entwécklung vun der N12[änneren | Quelltext änneren]

An den 1970er Jore sinn eng Rei Kéieren tëscht Eschduerf a Bidscht an och nërdlech vun Ëlwen ugepasst ginn. Ronn zéng Joer duerno ass d'N12 zu Ëlwen iwwer déi nei Eisebunnsbréck geluecht ginn an d'Kéiere bei der Maison Legay goufen ugepasst.

An den 90er Jore sinn dunn och nach e puer Kéieren tëscht Ierpeldeng an der Déierbech reamenagéiert ginn.

Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau koum et 1995 zu enger Rei Ännerunge wat d'N12 ugeet[1]:

  • e fréieren Tronçon am Ausgang vun Ëlwen gouf als Gemengestrooss deklasséiert;
  • d'Place des Martyrs nieft der N12 zu Wolz ass an d'Kompetenz vun der Stad Wolz gefall.

2021 oder duerno[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems d'Tramsstatioun op der Stäreplaz gebaut gouf, sinn déi 230 éischt Meteren net méi fir den Duerchgangsverkéier op an deen Deel vun der N12 (Rue de Rollingergrund) soll deemno als Gemengestrooss deklasséiert ginn, iwwerdeems d'Verbindung vun der N6 erfort bis bei d'N12 (87 m.) derbäi geschloe gëtt[2].

Och zu Wolz sinn Upassunge geplangt[2]:

  • am ganze 610 m. vun dräi Stroossen (Grand-Rue, Rue du Château a Rue du 31 aout 1942) sollen de Statut vun der Nationalstrooss verléieren;
  • d'Rue Michel Thilges gëtt vun der N26A an N12 ëmgenannt;
  • d'Rue Grande-Duchesse (haut N26) kënnt bei d'N12 derbäi;
  • en aneren Deel vun der Rue du 31 aout 1942 fält vun der N12 un d'N25.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Route nationale 12 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-16.
  2. 2,0 2,1 (fr)Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.