Nationalstrooss 1B
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
![]() D'N1B a Clausen, vun der N1A aus gekuckt | |
Verbindung N1 - N1A | |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Clausen, Nationalstrooss 1 |
Koordinaten | 49°36'48,92"N, 6°8'36,06"O |
Enn |
Clausen, Nationalstrooss 1A |
Koordinaten | 49°36'46,44"N, 6°8'38,72"O |
duerch | Lëtzebuerg |
Vitesslimitatioun | 30 km/h, 50 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 1B |
D'Nationalstrooss 1B oder N1B ass mat enger Längt vu knapps 100 Meter eng vun de kierzten Nationalstroossen zu Lëtzebuerg.
Si huet hiren Ufank a Clausen op der N1 um lénksen Uwänner vun der Uelzecht, féiert dann iwwer eng Bréck op déi riets Säit vum Floss, fir direkt duerno op N1A ze stoussen.
Entwécklung vun der N1B[änneren | Quelltext änneren]
- Bis 1995 war d'N1B d'Strooss tëscht dem Iergäertchen an dem Waasserbaseng um Zens, déi haiteg N2A.
- Et ass geplangt, datt déi haiteg N1B an d'N1A integréiert gëtt an domat och där hir Nummer iwwerhëlt[1].
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ (fr)Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.