Nationalstrooss 25

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Laf vun der Strooss

D'Nationalstrooss N25 oder N25 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Wolz.

Se geet fort op der Kräizung mat der N12 zu Wolz an heescht do Route de Kautenbach.

Vun do aus leeft se déi ganzen Zäit am Dall vun der Wolz a laanscht d'Eisebunn bis op Kautebaach.

Si passéiert dobäi d'Tutschemillen a Mäerkels. Fir op Mäerkels huet se Uschloss mat dem CR331A.

D'N25 ass ronn 9,6 km laang.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Route nationale 25 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien