Op den Inhalt sprangen

Nationalstrooss 27A

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 27A
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Ierpeldeng,
Nationalstrooss 27
Enn Schnellstrooss B7 (Lëtzebuerg)
Duerch Ierpeldeng
Längt 3,2 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 27A
Laf an Uschlëss
Ierpeldeng N 27
B 7
Fridhaff N 7

D'Nationalstrooss 27A oder N27A ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Dikrech um Territoire vun der Gemeng Ierpeldeng.

Si huet hiren Ufank op der N27 zu Ierpeldeng a féiert laanscht den Dall vun der Homichtbaach op d'Kopp op de Flouer Rued, wou se Uschloss un d'B7 huet.

Vun do geet se als Deel vun der E421 weider bis zum Rond-point beim Fridhaff wou se op d'N7 stéisst.

D'N27A ass ronn 3,2 km laang.

 Commons: Nationalstrooss 27A – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]