Nationalstrooss 34

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 34
Märel - Tossebierg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Märel,
Nationalstrooss 5
Koordinaten 49°36'12,96"N, 6°4'56,46"O
Enn Tossebierg,
Nationalstrooss 6
Koordinaten 49°37'19,24"N, 6°3'6,62"O
duerch Lëtzebuerg, Bartreng, Stroossen
Opgaangen 2000er
Längt 3,3 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 34
Laf an Uschlëss
Märel N 5
Bartreng A 6 Verdeeler 5
Aalbaach
N 35 CR 181
Rue des Romains
N 6

D'Nationalstrooss 34 oder N34 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Lëtzebuerg.

Se geet vun der Kräizung mat der N5 zu Märel, bei der Helfenter Bréck, aus a Richtung Nordweste fort. Gläich drop huet s'Uschloss un d'A6, leeft laanscht d'Eisebunn duerch d'Aktivitéitszon Bourmicht a weider tëscht der d'Industriezon vu Stroossen an der Schwämm Les Thermes erduerch bis op Bartreng, wou se sech mat der N35 an dem CR181 kräizt. Se leeft da viru laanscht de Centre d'intervention et d'entretien des autoroutes, ënnert der Rue des Romains erduerch a stéisst dann am Rond-pointTossebierg“ virum Akafszenter Belle Étoile op d'N6.

D'N34 ass am Ganze ronn 3,3 km laang.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Route nationale 34 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien