Nationalstrooss 40

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 40
Vue à hauteur du pôle d'échange Lycée Bouneweg en direction Sud.
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Bouneweg,
Nationalstrooss 3
Koordinaten 49°35'42,29"N, 6°8'9,67"O
Enn Houwald,
CR231
Koordinaten 49°34'42,17"N, 6°7'59,99"O
duerch Lëtzebuerg, Hesper
Längt 2.117 m
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Laf an Uschlëss
Bouneweg N 3
   Route de Thionville 
CR 224
Rue de Neufchâteau
Bouneweg /

Houwald

CR 224
Rangwee
Houwald Tunnel Rangwee
CR 231

D'Nationalstrooss 40 oder N40, deels och als nei N3 am Sproochgebrauch[Source?], ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Lëtzebuerg, déi zanter 2022 op ass. Se huet hiren Ufank zu Bouneweg, ëstlech vun der Jean-Pierre-Büchler-Bréck, wou se vun der Diddenuewener Strooss aus iwwer de Boulevard de Kyiv a Richtung Süde leeft. Tëscht der CFL-Busgarage am Westen an der Tramsstreck am Osten, féiert se laanscht den zukünftege Pôle d'échange Bouneweg a stéisst méi spéit – um Gebitt vun der Gemeng Hesper – op de Rangwee. Vum Tunnel Rangwee aus leeft s'iwwert d'Rue des Scillas bis s'op der Héicht vum Akafszentrum op den CR231 stéisst.

Entwécklung vun der N40[änneren | Quelltext änneren]

2020 hunn d'Viraarbechten ugefaangen, d'Strooss vum Ufank vun der Diddenuewener Strooss (N3) zu Bouneweg aus bis hannert Hesper ëmzeleeden, fir mëttelfristeg Hesper ganz z'ëmfueren.

Den Tracé leeft iwwer en neie Boulevard, de Boulevard de Kyiv, tëscht der N3 an der Eisebunn, parallel mat der Verlängerung vun der Tramslinn, bis an de Rangwee, an da virun duerch d'Rue des Scillas an iwwer den Houwald[1],[2]. An enger zweeter Phas, no 2023, soll se da südwestlech laanscht Hesper a Fenteng féieren a südlech vun Alzeng nees op den Tracé vun der N3 stoussen[3].

Dës Ëmgeeungsstrooss déi uganks als "nei N3" bezeechent gouf, krut mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 d'Bezeechnung "Nationalstrooss 40"[4].

Den 31. Juli 2022 gouf de Boulevard de Kyiv tëscht der Diddenuewener Strooss am Norden an dem Lycée Bouneweg (rue de Neufchateau) a Betrib geholl.[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 40 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. "Neue 'Gare Howald', neue N3, neue Quais am Hauptbahnhof." wort.lu, 9. Mäerz 2016 um 18:38.
  2. Nouvelle N3 (Luxembourg-ville). travaux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-08.
  3. "Tram kënnt op den Houwald, Bauphas vum Hesper Contournement kéint 2023 ufänken." rtl.lu, 29.01.2021.
  4. Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. - Legilux. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 22.02.2022.
  5. "Éischten Deel vum Tronçon vun der N40 geet e Sonndeg op." rtl.lu, 28.07.2022.