Nationalstrooss 5C

Vu Wikipedia
Nationalstrooss 5C
Verbindung N5 - N5B
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Péiteng,
Nationalstrooss 5
Koordinaten 49°33'22,39"N, 5°52'33,96"O
Enn Péiteng,
Nationalstrooss 5B
Koordinaten 49°33'34,24"N, 5°52'21,76"O
duerch Péiteng
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 5C



D'Nationalstrooss 5C oder N5C ass eng kleng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Esch-Uelzecht.

Se geet zu Péiteng vun der N5 vun der Kräizung Route de Luxembourg - Rue Jean-Baptiste Gillardin aus an nordwestlecher Richtung fort. Se geet duerch d'Rue Jean-Baptiste Gillardin a kënnt an der N5B (Rue de l'Église) eraus.

D'N5C ass nëmmen am Sens unique an Nord-Süd Richtung ze befueren. An der anerer Richtung muss een duerch N5B fueren.

Se ass zirka 450 m laang.

Entwécklung vun der N5C[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1958 bis 1995 hat d'Strooss déi vun der Rodanger Gare no Norde bis op d'belsch Grenz gelaf ass d'Nummer N5C, bis se 1995 ëmgenannt gouf.