Nationalstrooss 5F
Ausgesinn
Op der N5F am Agank vu Rodange | |
Verbindung N5 - N804 (Belsch) | |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Koordinaten | 49°32'41,10"N, 5°49'16,79"O |
Koordinaten | 49°32'50,39"N, 5°49'10,56"O |
Längt | 320 m |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 5F |
Laf an Uschlëss | |
Rodange | N 5 |
CFL Streck 7 | |
Kuer | |
Attem | N 804 |
D'Nationalstrooss 5F oder N5F ass eng kleng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Esch-Uelzecht.
Se leeft zu Rodange am Flouer Dessous le chemin du Clopp an nërdlecher Richtung vun der N5 (bei der Kräizung Route de Longwy / Rue Fontaine d'Olière) fort an da kuerz drop iwwert d'Eisebunn. Se leeft virun a Richtung Mäertesbierg bis s'am Dräilännereck iwwert d'Kuer leeft, déi d'Grenz mat der Belsch mécht. Hannendrun ass s'un déi belsch N804 ugeschloss.
Se ass 320 m laang[1].
Entwécklung vun der N5F
[änneren | Quelltext änneren]D'Streck gouf 1977 gebaut an uganks als „Staatsstrooss ouni Statut“ gefouert, ier se mam Gesetz vum 22. Dezember 1995 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau als Nationalstrooss klasséiert gouf[1].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Gossemaark LB001 op der Lëtzebuerger Säit vun der Kuer, ronn 50 m westlech vun der N5F
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nationalstrooss 5F – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiichtskaart vum nationale Stroossereseau op der Internetsäit vun der Bauverwaltung
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (fr)Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 16.04.2023.