Nationalstrooss 6

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Luxembourg road sign diagram A 15.gif Opgepasst: Un dësem Artikel gëtt grad geschafft. Fir Versiounskonflikter ze vermeiden, waart wgl. mat Ären Ännerunge bis dëse Message verschwonnen ass, oder kontaktéiert de Benotzer ({{{1}}}), dee grad dru schafft, op senger Diskussiounssäit.

Wa méi wéi zwéin Deeg näischt um Artikel geännert gouf, ka jiddwereen dru weiderschaffen. Wann der näischt wëllt um Artikel änneren, loosst wgl. d'Schabloun stoen. Wa bannent 6 Stonnen nodeems dës Schabloun an en Artikel gesat gouf, keng valabel Ännerung vum Benotzer gemaach gouf, da kann de Gebrauch vun der Schabloun als onnëtz ugesi ginn a ka vu jiddwerengem réckgängeg gemaach ginn. Bei repetitivem onnëtze Gebrauch kann de Benotzer gespaart ginn.

Nationalstrooss 6
N6 Luxembourg.svg
Luxembourg-Steinfort-town sign-03ASD.jpg
Luxembourg N6.png
Areler Strooss
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 49°36'44,21"N, 6°7'33,06"O
Enn Stengefort
Koordinaten 49°39'31,64"N, 5°54'13,90"O
duerch Lëtzebuerg, Stroossen, Bartreng, Mamer, Käerch, Stengefort
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 6


Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg AB-Kreuzung.svg N 7
AB-Kreuzung.svg Bd Prince Henri
AB-Kreuzung.svg Bd Joseph-II
Stäreplaz AB-Kreuzung.svg Bd G-D Charlotte
      Bd de la Foire
AB-Kreuzung.svg N 12
      Kräizgrënnchen
Stroossen AB-Kreuz-blau.svg A 6
AB-Kreuzung.svg CR 230
AB-Kreuzung.svg CR 181
AS-rondo-icon.svg N 34
Tossebierg AB-Kreuzung.svg CR 163
AS-rondo-icon.svg CR 101
Mamer AB-Fluss.svg Mamer
AS-rondo-icon.svg CR 101
       Rue Gaaschtbierg
AB-Kreuzung.svg CR 102
AB-Kreuz-blau.svg A 6
Capellen AS-rondo-icon.svg CR 109
AB-Kreuzung.svg CR 103
Wandhaff AS-rondo-icon.svg N 13 CR 110
Schock AB-Kreuzung.svg CR 110
Stengefort AB-Kreuzung.svg CR 109
AB-Kreuzung.svg CR 106
AB-Fluss.svg Äisch
AB-Kreuzung.svg CR 106
Andreaskräiz.png Atertlinn
Flag of Belgium (civil).svg Belsch N 4

D'Nationalstrooss 6 oder N6, och nach Areler Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Capellen. Si féiert vun der Stad Lëtzebuerg op déi belsch Grenz wou se tëscht Stengefort a Rosenberg Uschloss un déi belsch Nationale 4 huet.

An der Stad huet se hiren Ufank op der Kräizung vun der N7, déi do Boulevard Royal heescht, an der Groussgaass.

Op den éischte 450 Meter bis op d'Stäreplaz heescht se Avenue Émile-Reuter, déi fréier Arsenalstrooss. Duerno heescht se bis op d'belsch Grenz déi ganzen Zäit Route d'Arlon, mat Ausnam vun engem Stéck vu ronn engem Kilometer zu Stengefort, vun der Kräizung mat der Rue Randlingen bis op Kräizung mat der Rue de Hobscheid wou se Rue de Luxembourg heescht.

Si ass am Ganze 17,7 Kilometer laang a gehéiert op der ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.

Entwécklung vun der N6[änneren | Quelltext änneren]

  • An den 1950er Joren ass d'Europastrooss E9 (Amsterdam - Genua)[1] vun Arel aus zu Stengefort an d'Land komm an ass iwwer den Tracé vun der N6 bis an d'Stad gelaf[2]. Vun do aus goung se iwwer d'N3 virun a Richtung Fréiseng - Diddenuewen.
  • Mam Ëmklasséierungsgesetz vun 1958 iwwer verschidden Deeler vum staatleche Stroossereseau[3] sinn déi fréier Chemin reprisen CR162 Lëtzebuerg - Kockelscheier - Beetebuerg - Diddeleng an CR166 Diddeleng - Keel - Esch en eng Nationalstrooss klasséiert ginn, déi op der ganzer Längt d'Stroossennummer N6 krut. D'Streck Stengefort - Stad - Fréiseng gouf just nach als E9 gefouert.
  • Ëm 1970 ass d'Streck vun der E9 an E25 ëmgedeeft ginn. Ongeféier déi Zäit gouf d'Strooss um Wandhaff gutt 110 m. méi südlech verluecht an d'Kräizung mat der N13 gouf nei amenagéiert. Méi spéit (Enn vun den 1990er Joren) gouf dës Kräizung mat engem Rond-point ersat.
  • Mat der Ouverture vun der A6 Enn 70er / uganks 80er leeft d'E25 zanterhier iwwer d'Autobunn, d'Nationalstrooss krut hir ursprénglech Nummer N6 nees zéck.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nationalstrooss 6 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Op der topographescher Kaart als "Route à trafic international E9 – Amsterdam-Gènes" gezeechent.
  2. Art. 111 vum Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-16.
  3. Loi du 5 mai 1958 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-01-16.