Nationalstrooss 6A
Ausgesinn
![]() | |
![]() D'N6A leeft iwwert d'Fly-over-Béck | |
Tossebierg - Mamer | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Bartreng, Tossebierg |
Koordinaten | 49°37'17,11"N, 6°2'30,44"O |
Enn | Mamer |
Koordinaten | 49°37'25,00"N, 6°2'12,41"O |
Duerch | Bartreng, Mamer |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 6A |
![]() |
Laf an Uschlëss | |
Bartreng | ![]() |
![]() | |
Mamer | ![]() CR 101 Route de Mersch |
D'Nationalstrooss 6A oder N6A ass eng kuerz Nationalstrooss an de Kantone Lëtzebuerg a Capellen, um Territoire vun de Gemenge Bartreng a Mamer. Se geet am Tossebierg vun der N6 fort, leeft iwwert d'Fly-over Bréck, laanscht d'Europaschoul II an de Mamer Lycée a stéisst am Rond-point um Wupp vum Tossebierg nees op d'N6.
Se ass 714 m laang[1].
Entwécklung vun der N6A
[änneren | Quelltext änneren]Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwert d'Reklassement vum Stroossereseau krut d'Strooss, déi bis dohin als „Staatsstrooss ouni Statut“ gefouert gouf, de Statut vun enger Nationalstrooss[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nationalstrooss 6A – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiichtskaart vum nationale Stroossereseau op der Internetsäit vun der Bauverwaltung
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 565 m um Territoire vu Bartreng an 149 m zu Mamer
- ↑ (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.