Naturata
| Naturata | |
|---|---|
![]() | |
| Typ | S.à.r.l. |
| Grënnungsdatum | 1989 |
| Sëtz |
13, rue Gabriel Lippmann L-5365 Mënsbech |
| Mataarbechter | 250 (2020)[1] |
| Produit | Supermarché, Drogerie |
| RCS | B31794 |
| Homepage | www.naturata.lu |
|
| |
Naturata ass en den Numm vun enger lëtzebuergescher Supermarchéschaîne, déi op biologesch Produite spezialiséiert ass. Si gehéiert zur Oikopolis-Grupp.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1988 hunn e puer Biobaueren d'Bio-Bauere-Genossenschaft Lëtzebuerg (BIOG) gegrënnt, mam Zil d'Veraarbechten an d'Vermaarte vun der nationaler Bio- an Demeter-Produktioun ze fërderen. Aus enger provisorescher Verkafsplaz vun der BIOG an der Stad Lëtzebuerg ass d'Joer drop den éischten Naturata-Buttek am Rollengergronn ervirgaangen.[2] An de Joren duerno sinn nach aner Butteker uechtert Land opgemaach ginn.
2011 huet Naturata de Service "Bio@home" lancéiert, deen de Clienten hir Akeef Heem liwwert.[3]
Nodeems Naturata 2020 wärend der COVID-19-Pandemie e Rekordprofit gemaach huet, huet d'Ketten 2021 an 2022 rout Zuele geschriwwen. Grond heivir waren ënner anerem eng reduzéiert Nofro no Bio-Liewensmëttel, méi héich Käschten a Konkurrenz duerch aner Chaînen. Dat huet dozou gefouert, datt de Buttek zu Steesel no nëmmen néng Méint an och d'Geschäft zu Altréier zougemaach goufen.[1][4][5][6]
Nieft dem éischte Buttek am Rollengergronn gëtt et 2025 och nach Naturata-Geschäfter zu Diddeleng, Esch-Belval, Ierpeldeng, Houwald, um Kass-Haff (zu Rolleng bei Miersch), zu Maarnech, zu Märel, zu Mënsbech an um Meyers-Haff (um Wandhaff). Donieft ginn et zu Märel an zu Mënsbech och nach d'Drogerien "Naturata Beauty & Culture".[7]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 (de) Marlene Brey, Naturata: Kooperativ durch die Corona-Krise. wort.lu (16. Abrëll 2020). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (de) Über uns. naturata.lu. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (de) Frisch vom Feld an die Haustür. wort.lu (5. Abrëll 2017). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (de) Marco Meng, Wie die Inflation Luxemburgs Bioläden unter Druck setzt. wort.lu (23. Oktober 2022). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (de) Thomas Klein, Warum der Luxemburger Biohandel sich in der Krise befindet. wort.lu (21. August 2023). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (de) Stéphanie Majerus, Umschwung. land.lu (28. Juli 2023). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ (fr) Les Naturata Bio Marchés, garants du 100% bio. paperjam.lu (27. Oktober 2023). Gekuckt den 22. Januar 2025.

