Naturschutzgebitt Däerebësch-Waal-Hellengerbësch
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz |
Gemeng Diddeleng Gemeng Beetebuerg Gemeng Réiser |
Fläch | 222,3 ha |
Nationalcode | ZPIN 15 |
Koordinaten | 49°29'11,33653"N, 6°7'20,66714"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 14. Mee 2023 |
![]() |
D'Naturschutzgebitt Däerebësch-Waal-Hellengerbësch ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Beetebuerg, Diddeleng a Réiser, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 14. Mee 2023 geschaf gouf[1].
Et huet eng Fläch vun 222,3 Hektar a läit zum Groussdeel ëstlech vun der Diddelenger Autobunn, vun der franséischer Grenz erop bis bei d'Saarautobunn. Dobäi handelt et sech gréisstendeels ëm de Lëtzebuerger Deel vun engem gréissere Bëschgebitt, dat op franséischer Säit Forêt domaniale de Zoufftgen heescht. Just den Därebrech läit westlech vun der Diddelenger Autobunn. Tëschtt Fréijoer 2022[2] an Enn 2024[3] gouf just virun der Grenz eng 67 m laang Wëldbréck iwwer d'Autobunn gebaut, fir déi zwéin Deeler nees mateneen ze verbannen.[4]
D'Naturschutzgebitt Däerebësch-Waal-Hellengerbësch iwwerlappt sech zum Deel mat de Schutzzone vu Gemenischaftlechen Intressi (Natura 2000) Bëschmassiv Waal (LU0001076) an Diddeleng - Ginzebierg (LU0001032).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (nogekuckt: 11.06.2025).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Règlement grand-ducal du 14 mai 2023 déclarant zone protégée d’intérêt national sous forme de réserve naturelle et de corridor écologique, la zone « Däerebësch - Waal - Helléngerbësch » sise sur les territoires des communes de Dudelange, Bettembourg et Roeser.- Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt den 11.06.2025.
- ↑ "So wird die Brücke über der A3 aussehen." lessentiel.lu, 07.02.2022.
- ↑ "Dreispuriger Ausbau der A3 - Mobilitätsministerium: Arbeiten laufen nach Plan – 2030 soll alles abgeschlossen sein." tageblatt.lu, 08.11.2024,
- ↑ "Construction of a wildlife crossing over the A3 motorway." gio.lu, nogekuckt: 13.06.2025.