Naturschutzgebitt Härebësch
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz |
Gemeng Käerch Gemeng Habscht |
Fläch | 129 ha |
Nationalcode | ZPIN 39 / RFI 22 |
Koordinaten | 49°41'6,54547"N, 5°57'13,22755"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 22. Februar 2021 |
![]() |
D'Naturschutzgebitt Härebësch ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Käerch an Habscht, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 22. Februar 2021 geschaf gouf[1].
Et huet eng Fläch vun 129 Hektar an erstreckt sech iwwer Deeler vum Härebësch, engem Bësch tëscht Käerch a Giewel am Süden, Habscht am Westen, der Äisch mat Simmer am Norden a Rued am Osten.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Härebësch (Käerch).
D'geschützt Gebitt sengersäits besteet aus engem méi groussen Deel vun 101 Hektar, an engem méi klenge vun 28 ha, deen zum Zäitpunkt vu senger Schafung nach a Privatbesëtz war.
Weiderhin ass et en Deel vum der Natura 2000-Schutzzon Dall vun der Mamer a vun der Äisch (LU0001018).
An der Mëtt vum Schutzgebitt ass e fréiere Steebroch, deen en eegene Biotop ass.