Naturschutzgebitt Kalburen

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt
Kalburen
Land Lëtzebuerg
Plaz Wëntger
Fläch 81,43 ha
Nationalcode ZH09
Koordinaten 50°5'52,37"N, 5°54'15,05"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 28. Februar 2017

D' Naturschutzgebitt Kalburen (am Gesetzestext Kaleburn genannt) ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Wëntger, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 28. Februar 2017 geschafe gouf.[1]

Et ass e Fiichtgebitt, op enger Fläch vun 13,82 Hektar, mat ronderëm enger Schutzzon vu 67,61 Hektar, dat vum Quellgebitt vun der Baach Kalburen forméiert gëtt. D'Schutzzon zitt d'Bëschgebitt (Alebësch a Jongebësch) ronderëm d'Quell, bis un d'belsch Grenz, an de weidere Laf vun der Baach mat an, zu deem och den Houfelter Kanal gehéiert, en Iwwerrescht vun de Bauaarbechte vum Meuse-Musel-Kanal, deen ni fäerdeg gebaut gouf.

D'Naturschutzgebitt Kalburen/"Kaleburn" ass en Deel vun den Natura 2000-Zonen Hoffelt – Kaleburn (LU0001042) a Vallée de la Tretterbaach et affluents de la frontière à Asselborn (LU0002002).[1]

Et ass en Habitat vun ë. a. enger ganzer Rëtsch Päiperleken.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Règlement grand-ducal du 28 février 2017 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle la zone humide « Kaleburn » sise sur le territoire de la commune de Wincrange. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.
  2. KALEBURN – Hoffelt – Kaleburn LU001042 op life-eislek.lu.