Naturschutzgebitt Kiemerchen-Scheiergronn-Groussebësch
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz |
Gemeng Suessem Gemeng Déifferdeng |
Fläch | 391,92599 ha |
Nationalcode | ZPIN 37 / RD 00 |
Koordinaten | 49°30'33,58717"N, 5°52'15,77683"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 11. Mäerz 2000 |
![]() |
D'Naturschutzgebitt Kiemerchen-Scheiergronn-Groussebësch ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Suessem an Déifferdeng, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 11. Mäerz 2000 geschaf gouf[1].
Et huet eng Fläch vun 391,94 Hektar an erstreckt sech laanscht d'franséisch Grenz an zum Deel laanscht d'Réierbaach, vum Groussebësch ëstlech vun Zowaasch bis bei de Metzerbierg zu Bieles. Dobäi handelt et sech gréisstendeels ëm Bëscher, déi op de géien Häng vun der Cuesta vun der Doggerschicht am Minett wuessen, zum Deel och op Stécker vum Plateau dovun.
En Deel vum Kiemerchen a vum Scheiergronn si fréier Grouwen iwwer Dag. Do fënnt een éischter Pionéierbëscher an Dréchewisen, mat zum Deel seelenen Orchideeënaarten.
D'Lieu-ditë Bache Jang a Vesquenhaff, déi an der Mëtt dervu leien, gehéieren net derzou.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- "Kiemerchen / Scheiergronn/ Groussebësch". minett-biosphere.com (nogekuckt: 11.06.2025).