Naturschutzgebitt Noumerleeën
|
D'Kauzelee | |
| Land | Lëtzebuerg |
|---|---|
| Plaz |
Fiels Noumer |
| Fläch | 149 ha |
| Nationalcode | ZPIN52 / RF07 |
| Koordinaten | 49°46'47,77010"N, 6°10'0,89015"O |
| Status | Naturschutzgebitt |
| Geschützt zanter | 9. Juni 2021 |
|
| |
D'Naturschutzgebitt Noumerleeën (Nommerlayen) ass en Naturschutzgebitt vun allgemengem Intressi zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Fiels an Noumer, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 9. Juni 2021 geschafe gouf.[1]
Et ass e Bëschgebitt, op enger Fläch vun am Ganzen 142 ha, dat sech op de Sandsteeformatioune vum Lëtzebuerger Sandsteen erstreckt. Am Naturschutzgebitt leien d'Schlëff an d'Fielswänn Schelmelee, Kauzelee, Schanzegruef, Draachelee, Schwaarzegrond, Eilelee a Rammlee, déi ënner dem Numm Noumerleeën (oder An de Leeën) zesummegefaasst ginn, souwéi d'Plaz vun enger fréierer spéitréimescher Réckzuchbuerg, Alebuerg genannt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Noumerleeën.
D'protegéiert Zon ass am Weste vun enger klenger Strooss vun Angelsbierg op Glabech, an am Oste vum CR346 ofgegrenzt.
D'Naturschutzgebitt Noumerleeën ass en Deel vun der Natura 2000-Zon Vallée de l'Ernz Blanche (LU0001015).[1]
