Naturschutzgebitt Rouspert-Hëlt
Ausgesinn
![]() Wéngerten op der Hëlt | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Rouspert-Mompech |
Fläch | 165,03 ha |
Nationalcode | RD12 |
Koordinaten | 49°48'10,98"N, 6°31'10,74"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 20. Juli 2018 |
D'Naturschutzgebitt Rouspert-Hëlt ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Rouspert-Mompech, dat duerch e groussherzoglecht Reglement vum 20. Juli 2018 geschaf gouf[1].
Et huet eng Fläch vun 165,03 Hektar, a läit op der Knupp Hëlt, ronderëm déi d'Sauer eng laanggezunne Schleef mécht. D'Hëlt besteet aus engem Deel mat géiem Hank, dee mat Bësch bedeckt ass, am Nordwesten, an engem mat méi flaachem Hank, dee vill Sonn kritt, am Südosten.[2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nature reserve Rosport-Hëlt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Règlement grand-ducal du 20 juillet 2018 déclarant zone protégée d'intérêt national sous forme de réserve naturelle et de paysage protégé le site « Rosport-Hëlt » sis sur le territoire de la commune de Rosport-Mompach. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 09.01.2020.
- ↑ "Umlaufberg Hëlt" op mullerthal.lu.