Vanuatu
| Ripablik blong Vanuatu (Republic of Vanuatu, République du Vanuatu) | |||||
| |||||
| Offiziell Sprooch: | Bislama, Englesch, Franséisch | ||||
| Haaptstad: | Port Vila | ||||
| Staatsform: | Parlamentaresch Republik | ||||
| • President: | Baldwin Lonsdale | ||||
| Fläch: | 12.200 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 300.019 (2020) | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 24/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | 30. Juli 1980 vu Frankräich an dem Vereenegte Kinnekräich | ||||
| Nationalfeierdag: | 30. Juli | ||||
| Nationalhymn: | Yuki, Yumi, Yumi | ||||
| Zäitzon: | UTC +11 | ||||
| Internet TLD: | .vu | ||||
D'Republik Vanuatu ass en Inselstaat an Ozeanien. Den Archipel, deen aus 83 Insele respektiv Inselgruppe besteet, gouf bis 1980 Nei Hebriden genannt an huet knapps 300.000 Awunner (Stand 2020).
D'Wirtschaft besteet haaptsächlech aus Landwirtschaft, Fëscherei an Tourismus (ongeféier 60.000 Touristen am Joer 2005). Vanuatu huet keng nennenswäert Buedemschätz.
Eng Etude vun der brittescher New Economics Foundation aus dem Joer 2006 huet d'Gléck vun den Awunner op Vanuatu am weltwäite Verglach als dat héchst bewäert. Ënnersicht goufe Facteure wéi Zefriddenheet, Liewenserwaardung an den Ëmgang mat der Ëmwelt.[1]
D'Haaptstad vu Vanuatu ass Port Vila.
De 14. a 15. Mäerz 2015 huet den Zyklon Pam grouss Deeler vum Inselstaat zerstéiert. Eng 24 Leit koumen dobäi ëm d'Liewen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Vanuatu – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ „Happiness doesn't cost the Earth“, BBC News, 12. Juli 2006. Archivéiert Versioun vum 6. Mäerz 2007.
