Neimille bei Bilschdref

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Neimille bei Bilschdref. Fir aner Mille mat deem Numm, kuckt w.e.g. Neimillen.
D'Neimillen ëm 1945, vun Oste gesinn.
Foto vum Charel Kneppert

D'Neimillen an der Gemeng Rammerech ass eng fréier Uertschaft[1] a Millen am Dall vun der Sauer, ronn 1.200 Meter nërdlech vu Bilschdref.

D'Mille gëtt fir d'éischt an engem Dokument vu 1747 genannt. An engem Kadasterakt vu 1766 gëtt se als communément appelé le Neu moulin ernimmt.

Kuerz no 1899 gouf d'Mille vun den Ardoisières Kuborn vun Uewermaartel iwwerholl, fir an der Carrière nieft der Mille bloe Steen z'exploitéieren. De Stee gouf op der Plaz an der Steeseeërei zu Bléck fir Spullsteng, Placke fir den Hausbau a Schoultafele geschnidden. 1909 gouf de Millebetrib a géint 1920 d'Exploitatioun vum bloe Steen zougemaach. De Baurebetrib gouf weidergefouert.

Am Dezember 1944 hate sech 46 amerikanesch Zaldoten, déi vun der Ardennenoffensiv iwwerrascht gi waren, an d'Millen, déi eidel stoung, zréckgezunn. Si goufe vun zwéi Bilschdrefer, dem Martin Scheeck an dem Jacques Reichling, mat Proviant versuergt an, iwwer Nieweweeër, laanscht déi däitsch Truppen zréck bei d'amerikanesch Arméi gefouert.

No 1945 goufen d'Gebaier vun der Millen un d'Lëtzebuerger Jugendherberge verlount, déi do bis zu 80 Better installéiert haten.

1957 gouf d'Mille wéinst dem Bau vun der Misärsschleis ewechgerappt an dem Buedem gläich gemaach. Op der Plaz ass haut nëmme méi de fréiere Millekanal ze gesinn.

D'Plaz wou d'Mille stoung ass haut eng beléifte Plaz fir Fëscher, well d'Sauer duerch de Barrage Misärsbréck, bis dohi gestaut gëtt.

Op d'Neimille kënnt ee vum CR309 aus iwwer e Bëschwee dee säin Ufank eng ronn 200 Meter vum Misärshaff an Direktioun Uerschdref huet.

Koordinate vun der Millen: 49° 52’ 02’’ N 05° 49’ 13’’ O Koordinate vum Accès: 49° 51’ 57’’ N 05° 49’ 39’’ O

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Wéini genee déi éischt Millen op der Plaz stoung, ass net méi genee erauszefannen, mä an engem Bréif vum Conseiller procureur général de l'Impératrice vum 14. Mäerz 1747, geet ervir datt et et eng Bannmille war, fir déi de Mëller Nicolas Roncart zanter dem 8. Februar 1710, all Joer 25 Gulde fir d'Exploitatiounsrecht huet musse bezuelen.[2]

An demselwechten Dokument geet vun engem gewëssen De Traux Rieds, deen nieft der Neimillen zwou Fabrécken opgeriicht hätt, a well hien dofir keng Baugenehmigung hat, misst 50 Gulde berappen. Et geet och riets vu Ruine vun enger fréierer Millen, soudatt ugeholl ka ginn datt scho laang virdrun, eng Millen do op der Sauer stoung.

Duerno gëtt an engem Dafakt am Bauschelter Parregëster e Jacob Schoppa als Jacobus Schoppag ex Bilsdorfermühe respectiv ex nova molina opgefouert. Dat war den Eedem vum Nicolas Roncart, hie war mat deem sengem Meedche Suzanne bestuet.

An enger Kadastererklärung vu 1766 gëtt deeselwechten als Jacob Souppach als Mëller vun der Millen communément appelé le Neu moulin, ernimmt.

1785 gouf de Jakob Wampach Mëller. Hie war e Kandskand vum Nicolas Roncart. Seng Mamm d'Anna Margueretha eng Duechter vum Nicolas Roncart, war mam Nicolas Wampach vu Bilschdref bestuet ginn.

An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun koum d'Millen definitiv an de Privatbesëtz vun der Famill Wampach.[3]

1813 bestit de Jean Blaise Goller vu Bärel sech mat der Suzanne Wampach vun der Neimillen, an hie gëtt den neie Mëller. No him war säi Bouf de Johann Goller Mëller. Hie gouf 1861 mat der Elisabeth Elsen vu Bierden bestuet, ass awer schonn zwee Joer duerno 1863 gestuerwen.

1899 huet d'Elisabeth Goller-Elsen, d'Wittfra vum Mëller Jean Goller den Ardoisières Kuborn vun Uewermaartel d'Mille verkaaft, well déi do eng Zort bloe Steen exploitéiere wollten.

Bis 1901 war d'Mille renovéiert, an an der Steeseeërei goufe Bléck fir Spullsteng Buedemplacken, Fënstertabletten, Trapesteng a -schwellen, Aarbechts- an Dëschplacke geschnidden. Donieft goufen Tafele fir Schoule produzéiert.

Bis 1906 goufen nach d'Käre vun de Bauerebetriber do gemuel.[4]

D'Millen hat e Waasserrad vun Typ Sagebien mat engem Duerchmiesser vu 6,5 Meter an enger Breet vun 1,25 M. Et hat eng Leeschtung vun 20 PS.[5] Géint 1920 gouf de Betrib op der Neimillen zougemaach, haaptsächlech, well den Transport vum fäerdege Material ze deier war. Et huet alles musse mat de Päerd bis op d'Jangelis-Gare op Kietscht gefouert ginn, an dem Rother seng Exploitatioun vu Maartel konnt méi bëlleg liwweren. Eng aner Ursaach war, datt Qualitéit vum Steen lues a lues méi schlecht gouf.[6]

Duerno ware verschidde Piechter op der Millen. Virum Zweete Weltkrich waren dat dem Fernand Wark seng Elteren an no hinnen d'Maria an de Jäng Thieltges-Nepper déi do an der Zäit vum Krich Lëtzebuerger Jongen aus der Noperschafft, dorënner de Jäng Rausch vu Bilschdref, verstoppt haten. Dofir hu si sech während der Rundstedtoffensiv missen aus dem Stëbs maachen, aus Angscht, vun de Gielemännercher, un déi Däitsch Truppe verroden ze ginn. Si hu sech zesumme mat hire Vertrauensleit, déi hinne virdru gehollef haten, dem Jos Origer, an dem Jean Maack vu Bilschdref, op Rippweiler verzunn, wou se eng Zäit bei der Famill Schoujean en Ënnerdaach fonnt hunn, an duerno op Habscht goungen, wou dem Jean Maack säi Koseng, den Duerfschmadd, Jean Georges si opgeholl huet. D'Véi gouf sou gutt wéi et gaangen ass, vum Nopeschbauer dem Kéiesch Will a Lea versuergt, deen och d'Kéi wéinstens eemol den Dag gestrach a gefiddert huet. D'Ranner waren deelweis a Baaks an a Kéiesch op den Haff koum. Wéi géint Chrëschtdag 1944 Bilschdref bombardéiert gouf, konnt kee sech méi sou richteg ëm d'Kéi bekëmmeren, a se goufen aus de Ställ gelooss, fir datt se net sollen an de Gebaier bei engem Bombardement ëmkommen. Dat hat awer net vill gehollef, weel si hu sech de Mo mat dem äiskale Waasser aus dem Millegruef verduerwen, a sinn agaangen. An déi Zäit fält och d'Episode vun den Amerikaner op der Neimillen, déi sech do verstoppt haten.

Nom Krich huet de Jean Kuborn e Puechtvertrag mat dem Nobert Mawet vun Nadrin bei Houffalize ofgeschloss, an en Deel vum Gebai gouf un d'Lëtzebuerger Jugendherberge verlount. A Spëtzenzäite waren do bis zu 80 Feldbetter installéiert, an op der Wiss laanscht d'Sauer, hu reegelméisseg Scoute campéiert. D'Sidonie Malwet-Calbert huet sech ëm d'Gestioun vun der Jugendherberg bekëmmert. 1956, ee Joer éier d'Millen ofgerappt gouf, war Schluss mat der Jugendherberg.

Vun der Millen ass haut ausser dem Millegruef näischt méi ze gesinn. Se gouf 1957 wéinst dem Bau vun der Misärsschleis ewechgerappt.[7]. D'Aarbechte goufe vun den Entreprenere René Colling a Péiter Guirsch vun Uerschdref ausgefouert. D'Ställ goufe gesprengt, an d'Haiser goufe mat Bensin iwwergoss an ausgebrannt, éier se vun engem Bagger néiergerass an dem Buedem gläichgemaach goufen. [8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marcel Maack, 1999. Requiem fir d'Neimillen. In: De fräie Geescht vum wëlle roude Léiw. Chronik a Kabarä, Geschichten a Satir. S. 22-23. Verlag Marcel Maack. Imprimerie EXE-Troisvierges.
D'Amerikaner op der Neimillen
  • Jean Milmeister, 1982. 2 Luxemburger bringen 46 Amerikaner in Sicherheit. In: the Bulge, 1982/3, 10e anniversaire. Publication du Cercle d'études sur la bataille des Ardennes, S. 1-3.
  • Jean Milmeister, 1990. 2 Luxemburger bringen 46 Amerikaner in Sicherheit. In: 1965-1990, 25e anniversaire du Syndicat d'initiative Arsdorf Bilsdorf, 1990. Les éditions 33 66 99 Luxembourg, S. 61-78.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Martin Scheeck: huet 1944 zesumme mam Jacques Reichling 46 GIs op der Neimille virun der Gefaangenschaft gerett

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nomenklatur vun den Uertschaften
  2. Staatsarchiv (cf. Ref N° 7)
  3. Staatsarchiv (B 425, 16) Arrentement du moulin banal de Bilsdorf
  4. Grand-livre, an deem d'Clienten opgezielt sinn, dat nach erhalen ass, an am Besëtz vun der Famill Küborn ass
  5. http://www.industrie.lu/ardoisieresKubornHaut-Martelange.html Industrie.lu Ardoisières Kuborn
  6. Heimatkunde vum Charles Kneppert (1917-1960) Schoulmeeschter zu Bilschdref an Uerschdref
  7. De fräie Geescht vum wëlle Roude Léiw, Marcel Maack. 1999. S. 47.
  8. All Donnéeën déi net sonner beluecht sinn, ginn duerch d'Referenze vun hei uewendriwwer mat ofgedeckt