Neimillen (Käerch)

Vu Wikipedia
Neimillen
D'Neimillen um CR110 a Richtung Käerch
An anere Sproochen de: Neumühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Käerch
Buergermeeschter Daniel Wirth
Koordinaten 49° 40’ 35.2’’ N
      05° 55’ 57.1’’ O
D'Gebaier vun der Neimillen, vu Südosten aus gekuckt

D'Neimille bei Käerch ass e Lieu-dit um CR110 am Dall vun der Gieweler Baach am Weste vu Käerch an den Numm vun der Millen, déi op där Plaz steet. Mat Waasserkraaft goufen do vu 1795 bis héchstens kuerz nom Éischte Weltkrich Kär gemuel. Och eng Seemillen ass vun der Zäit vun ëm 1900 u beluecht, déi awer spéider op elektresch ëmgestallt gouf, a bis d'Joer 2000 a Betrib war.

D'Millen ass déi lescht, déi um Enn vum 18. Joerhonnert bei Käerch gebaut gouf. Um Areal vun der Gemeng Käerch, mat hiren zwou Buergen, déi zanter dem Mëttelalter beluecht sinn – d'Fockeschlass (haut verschwonnen) an d'Gréiveschlass – gouf et als Bannmillen an der Vergaangenheet och schonn d'Fockemillen (d'Wunngebai an de Millegruef existéieren nach) an d'Gréiwemillen (haut verschwonnen) am Äischdall[1]. Den Numm Millebierg erënnert bis haut zu Käerch un déi zwou Bannmillen, an de Wee iwwer de Bierg fir dohinner.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Millen ass ëm d'Jore 1795/96 vum Nicolas Ries (1769-1818) westlech vu Käerch laanscht d'Gieweler Baach, e puer honnert Meter virun där hirer Mëndung an d'Äisch gebaut ginn[2]. Mat Steng déi aus dem Fiels ofgebaut goufen, ass dunn och den neien ënnerkellerten Haff mat ugebautem Millegebai entstanen. De Milleweier an de Millegruef déi deemools ugeluecht goufen, sinn haut verschwonnen, respektiv net méi ze gesinn.

Dem Nicolas Ries (och Rys) säi Papp war vu Käerch[3]. Méi rezent Anefuerschung deit drop hin, datt dem Nicolas Ries säi Grousspapp vu senger Mamm hirer Säit, de Michel Closter (*1709) schonn op der Fockemille geschafft huet an aus enger loutrengescher Mëllerfamill, déi an der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert an d'Biekerecher Géigend koum, gestaamt huet[4].

De Familljennumm huet spéider e puermol gewiesselt, well e puermol eng Duechter vum Haus um Haff blouf an e Mëller vu baussen abestuet gouf, mä d'Neimillen ass bis haut am Besëtz vun der selwechter Famill bliwwen. Sou huet se an der Vergaangenheet och schonn Hentgesmillen a Peiffeschmille geheescht, de Gebrauch vum Numm Neimillen ass méi rezent[1]. D'Geschicht vun der Millen an hirer Famill war an den 1980er Jore vum Anefuerscher a Millespezialist Emile Erpelding nieft der Opzielung a sengem Referenzwierk iwwer d'Millen zou Lëtzebuerg[5] och an engem ausféierlechen Text[2] ënnersicht ginn.

Wéinst dem Fortschrëtt am Millebau war et schonn dem Nicolas Ries méiglech op engem Waasserlaf - der Gieweler Baach - deen däitlech manner Waasser gefouert huet wéi d'Äisch, trotzdeem de Rendement vun de béiden ale Käercher Bannmillen z'iwwertreffen[2]. Am Joer 1820, zwee Joer nom Doud vum Nicolas Ries, huet de Nicolas Hentgen vu Leideleng deem seng Duechter d'Elizabeth Ries (1795-1867) bestuet. Ënnert him a sengem Jong dem Nicolas Hentgen II. (1820-1894) als Mëller, huet d'Mille mat groussem Erfolleg am 19. Joerhonnert operéiert. An där Zäit goufen déi zwee Millerieder déi am Ufank do waren (wuel änlech wéi haut bei der Asselbuerer Millen) mat engem eenzegen, nach méi performante Millerad ersat[2].

Neimillen (oder Peiffeschmillen) bei Käerch: déi ondatéiert Postkaart (~1930er Joren) weist d'Bridder Josy (1912-2004) an Arsène Mersch (1913-1980) mat hire Coursevëloen. Zu deem Moment war déi al Waassermillen (Ubau lénks) schonn an en Deel vum Wunnhaus ëmgebaut ginn. D'Afaart vum Haff war deemools a Richtung vum Habschter Wee, vu wou aus d'Opnam gemaach gouf.

Den eigentleche Millebetrib huet bis héchstens an den Ufank vun den 1920er Jore bestanen, ass awer du wéi vill aner Millen uechter d'Land dem technesche Fortschrëtt a Form vun der Elektrifizéierung bei e puer Groussmëllereien zum Affer gefall. Ëm de Joerhonnertwiessel (19./20.) war awer och schonn op Initiativ vum Mëller Jean Peiffer (1854-1912) eng See derbäi koum, déi mat Waasserkraaft bedriwwe gouf[1]. Derbäi kënnt och, datt déi streng administrativ Oplagen, ënnert deenen am Éischte Weltkrich iwwerhaapt nach gemuelen duerft ginn - wann eppes do war fir ze muelen - dës Aktivitéit nieft dem och scho bestoende Seeëreibetrib ëmmer manner intressant gemaach hunn[6].

Wärend der Vëloscarrière vum Arsène Mersch an den 1930er Joren, huet säi Monni den Hilaire-Aloyse Peiffer (1886-1965), genannt "De Monnes", sech ëm d'Neimille gekëmmert. An där Zäit goufen och Päerd gehale fir Beem ze schleefen.

Direkt beim Ausbroch vum Zweete Weltkrich, huet den Arsène Mersch - dee grad op der Stater Gare war fir mam Zuch op eng Course an d'Ausland ze fueren - seng Profiscarrière op en Enn bruecht, an hien ass heem an de Betrib op d'Mille gaangen. Nom Krich huet den Arsène Mersch mat sengem Erspuertem eng grouss, mat modernstem Material equipéiert Seemillen, eng Schräinerei an en Zammermannsbetrib opgeriicht. Och den alen Haff gouf mat engem neie Wunnhaus ersat, dat awer nach en Deel vun den ale Kelleren aus dem 18. Joerhonnert huet. Kuerzzäiteg hat den Arsène Mersch ëm 1948/49 och eng Verkafsausstellung fir säin erweiderten Holzbetrib an der Rue Neipperg an der Stad[7]. An de Joerzéngten duerno sollten d'Entreprise Arsène Mersch & Fils eng sëllege Gespärer a schlësselfäerdeg Chaleten am ganze Land opriichten.

Bis un d'Enn vun den 1990er Joren huet op der Neimillen de Josy Mersch (*1941), dem Arsène säi Jong, nach Beem op den elektresch bedriwwene Seeë vun der Bréisseler Traditiounsfirma Brenta geseet, déi dunn en halleft Joerhonnert kruten. Vum Josy Mersch stamen och eng Rei Baumoossname fir Iwwerschwemmungen op der Neimillen ofzewieren, déi an der Vergaangenheet bei staarkem Reen souwuel wéinst Héichwaasser vun der Gieweler Baach, wéi och wéinst dem Uewerflächewaasser dat vum Habschter Wee erofkënnt, méiglech waren.

Am Gebai vun der aler Seeërei, dat dofir bannen ëmgebaut gouf, huet zanter dem Joer 2000 de Kënschtlerkollektiv "Sixthfloor" säin Doheem.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Neimillen (Käerch) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Mille bei Käerch (Kaart) a geschichtlechen Iwwerbléck vun der Käercher Neimillen op industrie.lu. Gekuckt de(n) 05.08.2020.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Erpelding, Emile (1982). Die Neumühle bei Koerich. 50 [Joer] F.C. Käerch / Football Club Koerich, 50 [Joer] F.C. Käerch / Football Club Koerich. - Luxembourg, 1982 P. 31-39, ill., carte.
  3. Vgl. Schmit, Georgette. (1999). La maison Kass à Koerich. 250 Joer Käercher Kiirch : 1747 - 1997 : Geschicht - Kultur - Par Käerch, 250 Joer Käercher Kiirch : 1747 - 1997 : Geschicht - Kultur - Par Käerch. - Koerich : Organisationskomitee, 1999 179.
  4. Bernard-Lesceux, I., & Beckerich Administration communale. (2009). Circuit découvertes des 7 2 moulins de la Commune de Beckerich. Beckerich: Commune ASBL d'Millen.
  5. Erpelding, Emile. (1988). Die Mühlen des Luxemburger Landes (2. Aufl.. ed.). Christnach Luxembourg: E. Borschette Impr. Saint-Paul.
  6. Vgl. Roemer, Charles. (2014). "Unser täglich Brot" : Le ravitaillement en nourriture durant la Première Guerre mondiale au Luxembourg. 1914 1918 : Guerre(s) Au Luxembourg = Krieg(e) in Luxemburg, 1914 1918 : Guerre(s) au Luxembourg = Krieg(e) in Luxemburg [S.l.] : Capybarabooks, cop. 2014 P. 115-125, ill.
  7. Cité Commerciale 17a rue Neyperg an der Stad (op industrie.lu). Gekuckt de(n) 05.08.2020.