Op den Inhalt sprangen

Neimillen (Sandweiler)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Neimille bei Sanddweiler. Fir aner Plaze mat deem Numm, kuckt wgl. Neimillen.
Neimillen
D'Fiichtgebitt vun der Neimillen
An anere Sproochen fr: Neumühle
de: Neumühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Sandweiler
Buergermeeschter Claude Mousel (DP)
Koordinaten 49°37'11,140"N, 6°14'6,943"O

Kaart

D'Neimillen (op Däitsch a Franséisch: Neumühle) ass e Lieu-dit an der Gemeng Sandweiler.

D'Neimillen läit am Dall vun der Bireler Baach an der Gemeng Sandweiler eng ronn 1,5 Kilometer ëstlech vum Sandweiler Duerfkär, laanscht den CR185 an d'Bireler Baach. D'Areal gehéiert zum Naturschutzgebitt Birelergronn, net wäit vun der Grenz mat der Gemeng Schëtter an dem Lieu-dit Neihaischen.

Den Numm vum Lieu-dit geet op eng fréier Waassermillen zeréck.

D'Neimillen, oder och nach Wollefsmille genannt, gouf eng éischt Kéier am 14. Joerhonnert ernimmt. Se huet der Mënsterabtei gehéiert. Mat hirem virgelagertem Milleweier war si déi bedeitendst Millen aus dem Dall.

Nodeems d'Millen opgi gi war, huet de Staat se 1981 opkaaft an se an de Joren dono ofrappe gelooss. De Weier ass lues a lues zu engem groussen Deel ausgedréchent. Duerch déi deelweis Ausdréchnung huet sech e wäertvollt Fiichtgebitt mat enger grousser ekologescher Bedeitung entwéckelt.

D'Neimillen ass e wichtegt Fiichtgebitt am Naturschutzgebitt Birelergronn. D'Fiichtwiss mat hire Quellen a Baache sinn en ekologesch wäertvolle Liewensraum. An deem Gebitt leie Quellen, déi als Drénkwaasser fir Sandweiler fir d'Stad Lëtzebuerg gefaasst goufen.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • De Sentier didactique Birelergronn, amenagéiert am Joer 1997, mat dem Quellepad (7 km, Depart Sandweiler) an dem Millepad (5 km, Depart Schraasseg/Neihaischen), déi sech um Site vun der Neimillen treffen a matenee kombinéiert kënne ginn.