Neipuertskapell

Vu Wikipedia
Neipuertskapell
Eng populär Duerstellung vun der Neipuertskapell vu 1781

Eng populär Duerstellung vun der Neipuertskapell vu 1781
Eng populär Duerstellung vun der Neipuertskapell vu 1781
Uertschaft / Plaz Lampertsbierg
Baujoer 1625 - 1627
Ofgerappt 1796
Koordinaten 49° 36’ 58.6’’ N
      06° 07’ 17.5’’ O
Kierchen - Kapellen


Haut fiert den Tram do, wou d'Neipuertskapell stoung.

D'Neipuertskapell war eng Kapell um Glacis an der Stad Lëtzebuerg. Si stoung um Eck vum Nikloskierfecht, op der Kräizung vun der Avenue de la Faïencerie mat der Allée des Résistants et des Déportés.

D'Neipuertskapell gouf tëscht 1625 an 1627 gebaut. 1640 gouf se vergréissert an 1642 nei ageweit. An der Kapell stoung eng Statu vun der Tréischterin am Leed bei déi all Joer Dausende vu Gleeweger gepilgert sinn (1640 sollen et der 12.000 gewiescht sinn).[1].

An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf de Mobiliar versteet a 1796 gouf d'Kapell ofgerappt. D'Statu vun der Tréischterin am Leed gouf an der Kathedral an der Ënneschtgaass opgestallt, wou se haut nach ze gesinn ass.

Ausgruewungen 2016[änneren | Quelltext änneren]

Ufank Abrëll 2016 huet den Abbé Georges Hellinghausen bei Stroossenaarbechten um Trajet vum zukënftegen Tram d'Iwwerreschter vun der Kapell fonnt. D'Aarbechte goufe gestoppt fir déi Iwwerreschter z'erfuerschen an ze dokumentéieren.[1]

Am Laf vun den Aarbechte goufen op 1,5 m Déift laanscht der Kierfechtsmauer och stierflech Iwwerreschter vu Mënsche fonnt.[2]

D'Klëppelkrichmonument dat nieft der Plaz vun den Ausgruewunge stoung gouf virum Ufank vun de Stroossenaarbechten ewechgeholl.

De 6. September 2018 goufen déi archeologesch Iwwerreschter vun der Kapell, sou wéi och d'Kierfechtsmauer mam Entréesportal a Pavillon, op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[3]

Vun 2018 un, wéi den Tram bis op d'Stäreplaz fiert, sinn och d'Ëmrësser vun der Neipuertskapell am Buedem ze gesinn an eng nei Plack erënnert un déi fréier Neipuertskapell.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Colling, C. & F. Le Brun, 2018. La petite chapelle oubliée. Notre-Dame du Glacis dévoile ses secrets. Die Warte 2|2566 vum 11. Januar 2018, S. 5-7.
  • Faltz, Michel: Heimatstätte U.L. Frau von Luxemburg - einst und jetzt, 1920, Luxemburg, 172 S.
  • Held L.: Maria, die Mutter Jesu, die Trösterin der Betrübten in ihrem Gnadenbild zu Luxemburg u. Kevelaer; ill. M. Engels; 1895, St. Paulus-Gesellschaft, Lëtzebuerg; 64 Säiten. Imprimatur: Luxemburgi, hac 14. Aprilis 1895. Joannes Josephus, Ep. Luxembourg

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ancienne Chapelle du Glacis (Neipuertskapell) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Überreste der ehemaligen Glaciskapelle entdeckt. LW vum 5. Abrëll 2016, S. 21."
  2. "Neipuertskapell" stoppt Tram." Luxemburger Wort, 6. Mee 2016, S.23
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).