Nelly Flick
Ausgesinn
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Nelly Flick | |
|---|---|
| Gebuer |
1902 Esch-Uelzecht |
| Gestuerwen | 2. August 1963 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politikerin, Affekotin |
| Fonctioun | Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber, Gemengeconseillère, Member vun der Assemblée consultative vun 1945 |
|
| |
D'Nelly Flick, gebuer 1902 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 2. August 1963[1], war eng lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin.
Hire Papp war Grouwebesëtzer zu Rolleng. Si huet no hirer Première am Stater Meedercherslycée, 1922, zu Paräis, Toulouse, Bordeaux a Grenoble Droit studéiert an huet sech 1928 an der Stad als Affekotin etabléiert.[2]
Si war vun 1934 u Member vum Stater Gemengerot[2]. An de Krichsjoeren gouf si a Schlesien ëmgesidelt. Si huet sech berufflech, ë. a. och an Artikelen an der Fraenzäitschrëft Die Luxemburgerin, fir d'rechtlech Gläichstellung vu Mann a Fra engagéiert.[3]
Hir Kandidatur bei de Partielle Chamberwale vun 1937[4] hat kee Succès. 1945 gouf si zum Member vun der Assemblée consultative ernannt.[5]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- D'Nelly Flick op der Titelsäit vun Die Luxemburgerin, 2. Jg., nº 2, S.1.[Digitised by the National Library of Luxembourg].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Avis de décès 4 Page 8. In: Luxemburger Wort, 116. Jg., n° 217 (05.08.1963), p. 8 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- 1 2 Nelly Flick. In: Die Luxemburgerin, 2. Jg., nº 4. Heft (01.11.1934), p. 52. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ Pressedossier Rues au féminin. rosport-mompach.lu, 2022.
- ↑ Die Kandidaten der Radikal-liberalen Partei für die Kammerwahlen im Bezirk Zentrum. In: Luxemburger Zeitung, 70. Jg., nº Wahlnummer (04.06.1937), p. 1. [Digitised by the National Library of Luxembourg]
- ↑ Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
