Op den Inhalt sprangen

Netumbo Nandi-Ndaitwah

Vu Wikipedia
Netumbo Nandi-Ndaitwah
Gebuer 29. Oktober 1952
Nationalitéit Namibien
Educatioun Universitéit vu Keele
Aktivitéit Politikerin
Partei SWAPO

D'Ndemupelila Netumbo Nandi-Ndaitwah, gebuer den 29. Oktober 1952 zu Onamutai, am deemolege Südwestafrika, ass eng namibesch Politikerin (SWAPO). Si ass zanter dem 21. Mäerz 2025 Presidentin vun Namibia an déi éischt Fra an där Fonctioun.

Virdru war d'Netumbo Nandi-Ndaitwah zanter dem 4. Februar 2024 Vizestaatspresidentin. Si war vum 21. Mäerz 2015 bis de 4. Februar 2024 Vize-Premierministerin vun Namibia. Vum 4. Dezember 2012 bis och de 4. Februar 2024 war si Ausseministesch vun hirem Land. Si ass ausserdeem zanter 2017 Vizepresidentin vun der SWAPO. 2005 war d'Nandi-Ndaitwah Ministesch fir Informatioun a Kommunikatiounstechnologie a kuerz darop bis 2012 Ministersch fir Ëmwelt an Tourismus.

 Commons: Netumbo Nandi-Ndaitwah – Biller, Videoen oder Audiodateien