Nicolas-Édouard Becker

Vu Wikipedia
Nicolas-Édouard Becker
Gebuer 23. August 1842
Wuermer
Gestuerwen 7. Juni 1920
Fredonia
Nationalitéit Lëtzebuerg, USA
Aktivitéit Schrëftsteller, Bauer, Riichter, Nottär, Schoulmeeschter, Member vum Senat vum Wisconsin

Den Nicolas-Édouard Becker, gebuer als Nicolas Becker[1] den 23. August 1842 zu Wuermer a gestuerwen de 7. Juni 1920 zu Fredonia am Ozaukee County am amerikanesche Staat Wisconsin, war e lëtzebuergeschen Auteur.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas-Édouard Becker ass 1854 am Alter vun 12 Joer zesumme mat sengen Elteren a sengen 3 Schwësteren an Amerika ausgewandert. Hien huet do am Ufank op der Farm vu sengem Papp matgeschafft, gouf dann awer selwer Farmer, spéider och nach Stadschreiwer, Friddensriichter an Nottär zu Fredonia am Ozaukee County am Wisconsin. Hien huet och als Schoulmeeschter fir déi lëtzebuergesch Auswandererkanner geschafft. Spéider war en och politesch aktiv a gouf Deputéierte vum Staat Wisconsin.

Hie war niewebäi och Mataarbechter vun der lëtzebuergescher Press an Amerika an huet eng grouss Zuel Gedichter a lëtzebuergescher Sprooch an der Luxemburger Gazette für Recht und Wahrheit vum Nicolas Gonner an an der Luxemburger Post, déi zu Chicago an de Joren 1897 bis 1900 erauskoum, verëffentlecht.

Den Nicolas Gonner huet déi gesammelt Texter vum Becker a sengen zwou Anthologien Onserer Lider a Gedichter an onserer Letzeburger-deitscher Sproch (1879) a Prairieblummen (1883) verëffentlecht.

1908 huet de Becker zu Chicago eng Sammlung vu senge Gedichter erausginn ënnert dem Numm Lexicon der eigenthümlichen Benennungen vieler Bewohner des Nördlichen Theils, von Ozaukee Co., Wis. und Umgebung. In zwei Theilen. Gesammelt und Herausgegeben von N.E. Becker. Nebst einem Anhang Luxemburgischer Gedichte von demselben.

Den Nicolas-Édouard Becker huet eng Rei amerikanesch Ausdréck an d'Lëtzebuergesch agefouert, z. B. Blockhaus, Farm, Tomahawk, Skalp.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • N.E. Becker 1842 -1920 - E Wormer Dichter an Amerika, 1987, Ed. Lëtzebuerger Guiden a Scouten, 19. Band vun de Wormer Muselbéicher, Impr. E. Faber, Gréiwemaacher, 166 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Numm um Gebuertsschäin