Nicolas Clasen (Dokter)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Dokter Nicolas Clasen. Fir aner Leit mat demselwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Clasen.
Nicolas Clasen
Gebuer 10. Dezember 1788
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. September 1848
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter

Den Nicolas Clasen, gebuer den 10. Dezember 1788 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 4. September 1848, war e lëtzebuergeschen Dokter, Regierungsrot a Bibliothecaire.[1]

Dokter an der Stad[änneren | Quelltext änneren]

De Nicolas Clasen, deem säi Papp, de Guillaume Clasen, Geschäftsmann an der Stad war, huet zu Turin Medezin studéiert an ass do am Mäerz 1813 als Dokter zougelooss ginn, mat enger Thees iwwer d'Wierkung vun der Keelt op d'Physiologie vum Mënsch. Dono ass hien an déi franséisch Arméi agetrueden. Déi huet hien 1816 verlooss a sech zu Lëtzebuerg an der Stad als Dokter niddergelooss. 1823 krut hien och seng Zouloossung als Chirurg.[2]

1823 huet de Militärgouverneur vun der Festung Lëtzebuerg de Clasen zum Dokter vun der federaler Garnisoun ernannt. 1824 gouf hie Prisongsdokter.[3]

1820 war de Clasen Member vun der "Commission médicale" ginn. Vun 1821 u war hie Sekretär a vum Juni 1831 u President vun dëser Kommissioun. An där Funktioun hat hien eng wichteg Roll wärend der Cholera-Epidemie an der Stad am Joer 1832 ze spillen. Ënner anerem huet hien dat zivilt Cholera-Lazarett, dat am Justizpalais ageriicht gi war, geleet.[4]

Am September 1835 huet de Gemengerot vun der Stad hien zum "médecin des hospices civils" ernannt, eng Charge, déi him en Nieweverdéngscht vu ronn 141 Gulde pro Joer abruecht huet.[5]

Conseiller de Régence[änneren | Quelltext änneren]

Vum Februar 1840 bis den Dezember 1841 war de Clasen Conseiller de régence, Conseiller supérieur médical bei "Régence" vum Land, d.h. bei der Landesregierung; hie war speziell fir d'Gesondheetswiesen zoustänneg.[6]

President vum Collège médical[änneren | Quelltext änneren]

A senger Funktioun als Conseiller supérieur médical gouf de Clasen den 21. Dezember 1841 President vum nei geschaafte "Collège médical", dee vum 1. Januar 1842 un d'Commission médicale ersat huet.[7]

Kantonaldokter[änneren | Quelltext änneren]

Well keen aneren Dokter dofir zur Verfügung stoung, gouf de Clasen a senger Funktioun als Member vum Collège médical am Februar 1843 provisoresche Kantonaldokter vum Kanton Capellen.[8]

Bibliothecaire vun der Stad Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Nieft senger Charge als Dokter war de Clasen vun 1818 u bis zu sengem Doud Bibliothecaire vun der Stad Lëtzebuerg.[9] 1846 huet hien de Katalog vun dëser Bibliothéik, déi als Virleefer vun der staatlecher Nationalbibliothéik gëllt, publizéiert.

Säin Nofollger als Bibliothecaire war den Antoine Namur, Historiker a Professer am Athenäum, deen zënter dem Februar 1840 mam Clasen senger Duechter Marie Jeanne Susanne (Jenny), gebuer den 1. Juli 1819 an der Stad, bestuet war.[10]

Grënnungsmember vun der archeologescher Gesellschaft[änneren | Quelltext änneren]

De Clasen war Grënnungsmember vun der sougenannter archeologescher Gesellschaft, der Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques, déi sech am Mäerz 1844 provisoresch an am September 1845 definitiv konstituéiert huet.[11]

Eng Strooss[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Lëtzebuerg huet dem Nicolas Clasen eng Strooss um Kierchbierg dediéiert : d'Rue Dr Nicolas Clasen. Si verbënnt d'Rue Edward Steichen mat der Rue Joseph Leydenbach.[12]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • De frigoris in animalem oeconomiam effectubus. In aedibus Academiae Taurinensis, Turin 1813, 10 S. (Dokterthees).[2]
  • Catalogue des livres et des manuscrits de la bibliothèque de Luxembourg par ordre alphabétique et par ordre des matières. J. Lamort, Luxembourg 1846, XI+1+520 p.[3]
  • Notice historique sur la bibliothèque de Luxembourg. J. Lamort, Luxembourg, 8 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonyme, 2018. Historique du Collège médical de 1818 à 2018, de la Commission médicale (1818) au Collège médical (1841-2018). In: Collège médical, Grand-Duché de Luxembourg : Bicentenaire 1818-2018. Collège médical, Luxembourg: 2-15.[4]
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p.
  • Calmes, A., 1947. La restauration de Guillaume Ier, Roi des Pays-Bas (l'ère Hassenpflug), 1839-1840. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 424 p. (= Histoire contemporaine du Grand-Duché de Luxembourg, vol. 3).
  • Dewalque, G., 1873. Clasen (Nicolas) médecin. Biographie nationale de Belgique 4, col. 131-132.[5]
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Eigenverlag, Luxemburg, S. 1-652.
  • Liez, N., 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S.
  • Loutsch, H., 1970. Aperçu historique sur les origines et les activités du Collège Médical. In: Le Collège Médical 1818-1968. Esch/Alzette, Impr. Coopérative Luxembourgeoise: 17-68. (Vun dëser Brochure gëtt et eng Rééditioun mat neier Pagination).
  • Namur, A., 1856. Notice sur Monsieur le Docteur Clasen. Publications de la Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques 11 (1855), S. XIV-XVI. [6]
  • Neyen, A.,1860. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Tome 1. P. Bruck, Luxembourg, 480 S.[7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Neyen 1860, S. 120-123 ; Dewalque 1873 ; Liez 1886, S. 22 (falscht Gebuertsjoer, nämlech 1784) ; Blum 1981, S. 151 ; Kugener 2005, S. 245-248.
  2. Kugener 2005, S. 245-248.
  3. Calmes 1947, S. 261.
  4. Kugener 2005, S. 247.
  5. Kugener 2005, S. 246.
  6. Calmes 1947, S. 258 an 261.
    Mémorial 1840, N° 11, S. 81 (Arrêté en date du 19 février dernier).
    Mémorial 1841, N° 62, S. 603-604 (Ordonnance N° 27 du 23 décembre 1841).
  7. Loutsch 1970 ; Anonyme 2018.
    Mémorial 1841, N° 62, Ordonnance N° 25, S. 601-602 (Démission honorable accordée au président et aux membres de la commission médicale).
    Mémorial 1841, N° 62, Ordonnance N° 26, S. 602-603 (Nicolas Clasen, conseiller supérieur de la Régence du pays et docteur en médecine, est nommé président du collège médical).
  8. Mémorial 1843, N° 11, S. 157-160 (Arrêté du 7 février 1843 concernant la nomination de médecins de canton). [1]
  9. Bange, E., 2008. Erkenntnisse zur Entwicklung des kommunalen Bibliothekwesens. Ons Stad 89, S. 48-53.
  10. Kugener 2005, S. 248; Luxroots.
  11. Blum, M., 1896. Coup d'œil historique sur les origines et les développements de la „Section historique“ de l'Institut grand-ducal de Luxembourg. Suite III. IV. Constitution provisoire d'une Société historique dans le Grand-Duché de Luxembourg. Ons Hemecht 1896-04-01: 167-172.
    Mémorial 1845, N° 46, S. 453-457 (Arrêté royal grand-ducal du 2 septembre 1845, litt. B, autorisant la constitution définitive d'une Société pour la recherche et la conservation des monuments historiques dans le Grand-Duché de Luxembourg.
  12. Beck, S., 2016. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons Stad 111 (2016), S. 43.