Nicolas Clasen (Schoulmeeschter)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nicolas Clasen
Clasen Nicolas (1783-1850).jpg
Gebuer 5. Mäerz 1783
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Januar 1850
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Auteur
Famill
Kanner Bernard Isidore Clasen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Nicolas Clasen, gebuer de 5. Mäerz 1783 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 19. Januar 1850 zu Gréiwemaacher, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.[1]

Dem Nicolas Clasen säi Papp, den Henri Clasen, war Gierwer (marchand tanneur) an der Stad an dono zu Gréiwemaacher, wou de Nicolas am Papp sengem Geschäft matgeschafft huet.[2]

Schoulmeeschter zu Gréiwemaacher[änneren | Quelltext änneren]

Wéi 1812 d'Plaz vum Schoulmeeschter zu Gréiwemaacher vakant ginn ass, huet de Nicolas Clasen sech bereet erkläert, dee Posten z'iwwerhuelen. Seng Nominatioun krut hien am Laf vum Joer 1812 vum Recteur vun der Académie Metz.[3] Am Ufank huet hie sech nach vu sengem Brudder Antoine Auguste (*1784) assistéiere gelooss. Fir senger neier Aarbecht gerecht ze ginn, huet de hien zu Tréier déi pedagogesch Coursë vum V. J. Dewora[4] besicht.[5]

Am Joer 1815 huet de Clasen 60 Jongen a 40 Meedercher ënnerriicht. Hien huet an der Schoul gewunnt.[6] Am September 1817 ass säi Gehalt, dat vum Staat bezuelt gouf, op 200 Gulde festgesat ginn.[7] Am Mäerz 1818 krut hien de Brevet vum 1. Rang. Laut engem Rapport vun 1818 gouf et deemools nëmmen zwou vollwäerteg Schoulen am Land, eng dovunner war dem Clasen séng, déi aner déi vum Jean-Pierre-Charles Bernard vu Wolz. Am Joer 1828 hat de Clasen e Gehalt vun 785 Gulden.[8] Am Verglach mat anere Beruffskolleege gouf hie gutt bezuelt.

Éiereninspekter a Chevalier[änneren | Quelltext änneren]

1842 gouf de Clasen Éiereninspekter vun der Gemeng Mäertert. Am Juni 1849 goufen hien a säi Kolleeg Bernard als Belounung fir déi Déngschter, déi si dem Primärunterrecht wärend Jore geleescht haten, Chevalier am Ordre de la couronne de chêne genannt.[9]

D'Famill[änneren | Quelltext änneren]

Den Nicolas Clasen huet sech den 29. Mee 1828 am Alter vu 45 Joer zu Mompech mat der Catharina Schmit bestuet. Déi 22 Joer al Braut war de 7. September 1805 zu Hierber op d'Welt komm. Hire Papp, de Bernard Schmit, war Bauer zu Hierber; d'Mamm, d'Anna Koppes, war schonn 1809 zu Hierber gestuerwen. Ee vun den Zeie war dem Clasen säi Brudder Anton, “Handelsmann“ zu Gréiwemaacher, 28 Joer al, am Joer 1800 gebuer.[10]

D'Koppel Clasen-Schmit krut dräi Kanner: de Bernard Isidor (1829), den Theophilus Antonius (1830), d'Mathilde Elisabetha (1832). D'Fra ass den 18. September 1834 am Alter vun 29 Joer zu Gréiwemaacher gestuerwen.[11]

Nom Nicolas Clasen sengem Doud hunn d'Schoulmeeschteren aus dem Kanton him zesumme mam Biergerveräi vu Maacher e Monument opgeriicht, dat haut nach um Maacher Kierfecht steet.[12]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Well deemools déi passend Bicher gefeelt hunn, huet de Clasen selwer Schoulbicher geschriwwen, absënns fir d'Léiere vun der däitscher an der franséischer Sprooch, awer och fir de Schüler de metresche System bäizebréngen.[13]

  • 1830 (ca.). Erklärung des neuen Mass- und Gewicht-Systems, zum Gebrauche der Primair-Schulen. Luxemburg: J. Lamort, 23 S.
  • 1833. Theoretisch-praktische Anleitung zur Kenntnis der deutschen Sprache : In katechetischer Form, zunächst für Landschulen. Luxemburg: J. Lamort, 48 S. [3]
  • 1838. Zweite, umgeänderte und stark vermehrte Aufl. (… mit zweckmässigen Uebungsaufgaben). J. Lamort, Luxemburg, 68 S.
  • 1843. Dritte, stark vermehrte Auflage. Trier, 108+2 S.
  • 1844. Vierte, verbesserte Auflage. Schmit-Brück, Luxemburg, 108 S.
  • 1834. Lieder, welche in dem von der Grevenmacher Schuljugend, bei der diesjährigen öffentlichen Prüfung, aufgeführten Schauspiele "Die beschämte Unverträglichkeit, oder die kleinen Zigeunerinnen" betitelt, vorkommen. Grevenmacher. Luxemburg: J. Lamort, 15 S.
  • 1838. Elementarbüchlein zur Erlernung des Lesens und Verstehens der französischen Sprache für Anfänger nach Seidenstücker und Jacotot (4., ganz umgearbeitete Aufl.). Luxemburg: J. Lamort, 16 S.
  • 1842. Elementarbüchlein zur Erlernung des Lesens und Verstehens der französischen Sprache für Anfänger nach Seidenstücker und Jacotot (6. Aufl.). Luxemburg: J. Lamort, 16 S.
  • 1840. Der Leseschüler, oder Übungen im Lesen und Denken, zur Begründung eines stufenmässigen und fruchbaren Unterrichts in der Muttersprache. Luxemburg.
  • 1843. Der Leseschüler, oder Übungen im Lesen und Denken, zur Begründung eines stufenmässigen und fruchbaren Unterrichts in der Muttersprache (2. Aufl.). 40 S.
  • 1844 (ca.). Gründliche Darstellung des metrischen oder Decimalsystems der Massen und Gewichte sammt der Rechnung der gewöhnlichen Fraktionen und Decimalen : Katechetisch bearbeitet für die Hand der Kinder in Landschulen (2., verb. Aufl.). Luxemburg: [J.P.] Kuborn, 52 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p.
  • Hermes, M., 2002. "Highlights" aus der Maacher Schoulgeschicht : Am 19. Jorhonnert hu Léierpersounen derfir gesuergt, datt den Numm "Gréiwemaacher" e gudde Klank am Lëtzebuerger Land hat. In: Sapeurs Pompiers Grevenmacher : Livre D'or : 175 Ans : 1829 - 2002, Grevenmacher, S. 111-122.
  • Hermes, M., 2019. An der Maacher Schoulgeschicht gebliedert. Ville de Grevenmacher, 16 S. Online.[4]
  • Kalmes, V., 1990. Vom Taglöhnerkittel zum Gehrock. Eine Studie über die materielle und soziale Lage des Luxemburger Lehrers im 19. Jahrhundert. Éditions du Syndicat national des enseignants, Luxembourg, 440 S. (Sonderdruck verbessert u. erweitert aus "école et vie" 1982-1990).
  • Koenig, A. (Pseudonym: Paul Felix von der Mosel), 1920. Berühmte Moselaner aus den Kantonen Grevenmacher und Remich. Grevenmacher, Neue Mosel-Zeitung (Mich. Braun), 115 S.
  • Molitor, M., 1931. Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betätigung von 1815-1930. Fr. Bourg-Bourger, Luxemburg,157 S.
  • Neyen, A.,1860. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Tome 1. P. Bruck, Luxembourg, 480 S.[5]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Blum 1981, S. 150-151.
  2. Neyen 1860, Koenig 1920, S. 100-101, Nr. 244.
  3. Kalmes 1990, S. 9.
  4. Viktor Joseph Dewora (1774-1837). Wikipedia.
  5. Neyen 1860, Molitor 1931, Kalmes 1990, S. 72.
  6. Kalmes 1990, S. 9.
  7. Kalmes 1990, S. 18.
  8. Kalmes 1990, S. 72.
  9. Kalmes 1990, S. 175.
    Luxemburger Wort 1849-06-27, S. 2 (Luxemburg, den 25. Juni).
    Mémorial 1849, N° 62, S. 611 (Arrêté royal grand-ducal du 9 juin 1849 nommant les sieurs Clasen et Bernard, chevaliers de l'ordre de la Couronne de Chêne).[1].
  10. Luxroots.
  11. Grevenmacher, Stierfregëster 1834, Nr. 42. [2]
  12. Hermes 2029.
  13. D'Monique Hermes (2019) weisst an deem Kontext op eng interessant Aarbecht hinn : "1993 hunn zwou Studentinne vum ISERP, d'Isabelle Kayser an d'Michèle Lentz (vu Maacher), sech an enger fläisseger Aarbecht op 36 Säite mat „Pädagogen aus Grevenmacher im 19. Jahrhundert und ihre Werke – Schulbücher in der Primärschule“ befaasst."