Nicolas Dominique Schmit
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Dokter Nicolas D. Schmit. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Nicolas Schmit (Homonymie). |
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Nicolas Dominique Schmit | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
6. September 1814 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
18. Mäerz 1870 Munneref |
| Alter | 55 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Dokter |
|
| |
Den Nicolas Dominique Schmit, gebuer de 6. September 1814 an der Stad Lëtzebuerg[1], a gestuerwen den 18. Mäerz 1870[2] zu Munneref[3], war e lëtzebuergeschen Dokter.
1844 huet hien zu Utrecht en Doktorat an der Medezin gemaach a krut 1846 d'Erlabnes, sech zu Lëtzebuerg z'etabléieren.[2]
Den Dr Schmit war vun 1847 bis 1864 deen éischte Kuer-Dokter vum Thermalbad Munneref a Matgrënner vum Thermalbetrib. Hien huet och d'Kuermethoden, déi do ugewannt goufen, mat entwéckelt. 1864 gouf den Dr Louis-Joseph-Désiré Fleury säin Nofollger, hie selwer huet dunn zu Munneref eng Privatpraxis opgemaach. Well hien zum Deel ouni Suen ze froe Patienten ënnersicht huet, krut en de Bäinumm De gudden Dokter Schmit. Hien ass an Aarmut gestuerwen.[4]
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Munneref d'Rue Dr Nicolas Dominique Schmit no him genannt.[5]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Den Dominique Nicolas Schmit op www.luxracines.lu
- 1 2 Jos. A. Massard: "Der Kanton Esch und die Cholera, Teil IV." In: Galerie, 4. Jg., nº 2 (01.04.1986), p. 229 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ (de) Sans titre. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 1. Luxemburger Zeitung (19.03.1870). Gekuckt de 24.08.2026.
- ↑ Administration Communale de Mondorf-les-Bains et sa commission de la culture et du patrimoine: Wer waren diese Persönlichkeiten? Fiche Nicolas D. Schmit. Mondorf 2023, op mondorf.lu (nogekuckt: 04.12.2025).
- ↑ Mondorf-les-Bains : Rue Dr Nicolas Dominique Schmit. map.geoportail.lu. Gekuckt de 24.08.2026.
