Nicolas Entringer

Vu Wikipedia
Nicolas Entringer
Gebuer 20. Mäerz 1885
Uewerwuermeldeng
Gestuerwen 18. Dezember 1969
Uewerwuermeldeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist
Gedenksteen fir den Nik. Entringer zu Uewerwuermer

Den Nicolas Entringer, gebuer den 20. Mäerz 1885 um Wuermer Bierg an och do gestuerwen den 18. Dezember 1969[1][2], war e lëtzebuergesche Museker a Komponist.

Hien huet vill Lidder komponéiert, deelweis mat eegenen Texter, deelweis mat Texter vun aneren Auteuren, déi virun allem mat der Musel an dem Wäin ze dinn haten.

Hie war laang Zäit Dirigent vun der Wuermer Musek (1917–1952)[3] an och zu Nidderdonwen a Greiweldeng.

No him gouf eng Plaz um Wuermer Bierg vis-a-vis vun der Kapell benannt, wou och e Gedenkstee fir hie steet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Léift Wuermeldéngen am Museldall, 1967. Comité des fêtes, Impr. Faber, Grevenmacher, S. 60 - 103

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuerts- an Doudesdatum vum Gebuertsakt
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 19. Dezember 1969
  3. Dirigente vun der Wuermer Musek