Nicolas Funck (Zoolog)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Zoolog Nicolas Funck. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Funck.
Nicolas Funck
den Nicolas Funck[1]
Gebuer 10. Februar 1816
Gestuerwen 10. August 1896
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker, wëssenschaftlechen Illustrateur

Den Nicolas Funck, gebuer den 10. Februar 1816 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 10. August 1896, war e lëtzebuergeschen Architekt, Fuerschungsreesender, Botaniker, Zoolog an Auteur.[2]

Hien huet zu Bréissel Architektur studéiert an huet dunn tëscht 1835 an 1837 de Jean Linden op deem senge Fuerschungsreesen duerch Mëttel- a Südamerika begleet fir Illustratiounen ze zeechnen. An de Joren duerno huet hie weider Fuerschungsreese gemaach: vun 1837 bis 1840 a Kuba a Mexiko, vun 1841 bis 1843 a Venezuela a Kolumbien a vun 1845 bis 1846 nees a Venezuela.

1848 gouf den Nicolas Funck zum Professer fir Naturwëssenschaften a Geographie am Kolléisch ernannt. Hie war 1850 Grënnungsmember vun der Société des sciences naturelles du Grand-Duché de Luxembourg. Vun 1857 u war hien Directeur adjoint a vun 1861 un Direkter vum Jardin royal zoologique et botanique am Bréisseler Parc Léopold. Vun 1870 bis 1886 war en Direkter vum Kölner Zoo.[3]

Hien huet eng Hellewull, meeschtens populärwëssenschaftlech Artikelen iwwer botanesch an zoologesch Theemen an Zäitschrëften an Zeitunge publizéiert. Posthum si seng sëllege Rees-Notizen erauskomm.

Seng Neveue waren de Pierre Funck an de Lucien Linden.

Säi Schwoer war de Jean Linden.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Claude Wey, Foni Le Brun, Leonardo López Luján: Nicolas Funck et la Cueva del Guácharo, an Die Warte vum 27. Februar 2020, S. 8-10

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell: Arendt, Jean-Venceslas-Charles, [reprint 1972]. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes / von Karl Arendt ; Vorwort: Paul Margue. - Luxemburg: É. Kutter, 1972, Luxemburg,
  2. Marson, Pierre: Funck, Nicolas am: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online-Versioun. Stand: 27. September 2011 http://www.autorenlexikon.lu/page/author/294/294/FRE/index.html opgeruff de 24.Dezember 2011
  3. Säit iwwer d'Geschicht vum Kölner Zoo Gearchiveerd op 2011-08-29. Gekuckt de(n) 2011-12-24.