Nicolas Gaasch
Ausgesinn
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Nicolas Gaasch | |
|---|---|
|
Stroosseschëld zu Izeg | |
| Gebuer |
30. Mäerz 1833 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
8. Juli 1909 Izeg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Paschtouer |
| Famill | |
| Papp | Michel Gaasch |
| Mamm | Margaretha Lemmer |
|
| |
Den Nicolas ("Nic.") Gaasch, gebuer den 30. Mäerz 1833 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 8. Juli 1909 zu Izeg[1][2], war e lëtzebuergesche Paschtouer.
Hie gouf den 1. September 1860 zu Tréier zum Priister geweit a war vum 20. September 1786 u Vikar zu Gréiwemaacher. Hie war duerno Paschtouer a verschiddene Paren uechter Land:
- Fenteng (26.09.1865 - 28.09.1868),
- Garnech (28.09.1868 - 13.05.1880),
- Ell (13.05.1880 - 01.08.1889)
- Izeg (vum 01.08.1889 bis zu senger Pensioun, den 30.09.1901).[1]
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Izeg d'Trap déi bei Kierch eropféiert, d'Rue Montée Nic. Gaasch, no him genannt.[3] Dës ass awer net am offiziellen Adressrepertoire op Geoportail.lu opgezielt.[4]
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Archives diocésaines Luxembourg - Diözesanarchiv Luxemburg. iserver.dioezesanarchiv.lu. Gekuckt de 16.08.2025.
- ↑ (de) CT-03-02-0557 Décès, 1902-1913 (Registre). Doudesschäin 39 S. 119. Commune de Hesperange (09.07.1909). Gekuckt de 16.08.2025.
- ↑ Montée Nicolas Gaasch, Luxembourg, Luxembourg. lu.geoview.info. Gekuckt de 17.08.2025.
- ↑ Itzig map.geoportail.lu.
