Op den Inhalt sprangen

Nicolas Greeff (Papp)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kënschtelr Nicolas Greeff (Papp). Fir säi Jong mam selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Greeff (Jong).
Nicolas Greeff
Gebuer 1662
Altwis
Gestuerwen 1728
Altwis
Alter 65 / 66 Joer
Aktivitéit Kënschtler
Famill
Kanner Nicolas Greeff jr.

Den Nicolas (oder Nikolaus) Greeff, gebuer 1662 zu Altwis, an och do 1728 gestuerwen, war e Kënschtler aus dem Herzogtum Lëtzebuerg.

Vun him sinn ë.a. Statuen vum Hellegen Niklos, der Helleger Odile an dem Hellege Lambert an der Kierch Elleng, an an der Kierch Elweng eng Kräizegungsgrupp a Statue vum Heilige Stiefes a vun der Helleger Margréit.

Charakteristesch fir seng Statue wiere "breet Féiss oder Schong" gewiescht.

Hie war mat der Johanna Roesdorf bestuet. Säi Jong, deen och Nicolas Greeff housch, war och Kënschter. [1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Quell wou net anescht uginn: Emile Wies-Campagner: - Ein Dorf zwischen Tradition und Zukunft. 2011, S. 211. ISBN 978-2-87996-510-9.