Op den Inhalt sprangen

Nicolas Hosch

Vu Wikipedia
Nicolas Hosch
Gebuer 17. Abrëll 1914
Äischen
Gestuerwen 17. Januar 1990
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Privatbeamten
Partei CSV
Auszeechnungen Bronze Wollef

Den Nicolas ("Néckel") Hosch, gebuer de 17. Abrëll 1914 zu Äischen[1], a gestuerwen de 17. Januar 1990[2] an der Stad Lëtzebuerg, war iwwer en halleft Joerhonnert bei de Lëtzebuerger Scouten engagéiert, dorënner méi wéi 40 Joer als Finanzkommissär (1944 – 1979) a Generalsekretär (1944 – 1966 an 1975 – 1983), Commissaire international (1971 – 1975) a Commissaire général adjoint (1966 – 1975).

Den Nicolas Hosch huet bei der Lëtzebuerger Assurancëgesellschaft La Luxembourgeoise geschafft. Hie war Member vun der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei, President vun der Privatbeamtekrankekeess, Member vum Lëtzebuerger olympesche Kommitee a Member vum Conseil supérieur de l'éducation physique.[3]

Karriär bei de Scouten

[änneren | Quelltext änneren]

Den Néckel Hosch huet 1928 seng Scoutskarriär bei de Grenzer Scouten ugefaangen. 1933 gouf hien am Escher Grupp Scoutsmaster.[4] Hien huet 1936 de Gilwellcours zu Lampech matgemaach a krut doropshin de Brevet de chef éclaireur an de Badge de bois (Gilwell-Ofzeechen).

1938 ass hien, no sengem Bestietnis mat der Mathilde Georges, vun Esch-Uelzecht an d'Stad geplënnert, wou hie bei de Lampertsbierger Guiden a Scoute Scoutsmaster ginn ass. Dat nämmlecht Joer gouf hien de 26. Juni um Chefdag zu Wolz an de Comité-directeur opgeholl. Hie war an där Zäit Kommissär vum Comptoir d'achat an huet sech ëm d'Beschafe vum Stoff fir d'Uniformen an d'Verbandsofzeeche gekëmmert.[5]

Vun 1944 u war hie Member am éischte Comité-directeur vun de Lëtzebuerger Scouten an huet d'Funktioune vum Sekretär a Keessjee iwwerholl.[6] Um Chefdag am September 1966 gouf hien zum Commissaire général adjoint gewielt, gläichzäiteg gouf den Armand Pundel als neie Commissaire général agesat.

Hie war 1953 ee vun de Grënnungsmembere vun der Association nationale des scouts du Luxembourg ASBL, déi d'Immobilie vun de Lëtzebuerger Scoute verwalt huet. Do war hie bis zu sengem Doud Member vum Verwaltungskommitee.

Hien huet d'Lëtzebuerger Scouten am Lëtzebuerger olympesche Comité an am Conseil supérieur de l'éducation physique vertratt.

Den Nicolas Hosch huet niewent sengen nationale Mandater och international Funktioune bei de Scouten iwwerholl. Hie war, vun 1948 un, reegelméisseg bei den internationale Konferenze vum kathoulesche Scoutismus derbäi. Vun 1972 bis 1981 huet hie bei der Conférence internationale du scoutisme (CISC) d'Funktioun vum Keessjee iwwerholl.

1979 krut den Nicolas Hosch als éischte Lëtzebuerger op der 27. Weltkonferenz zu Birmingham den 136. Bronze Wollef,[7] déi eenzeg Auszeechnung vun der World Organization of the Scout Movement, déi vum Weltscoutskommitee fir aussergewéinlech Verdéngschter fir de Weltscouting vergi gëtt.[8]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gebuertsakt Nr. 19 vum 17. Abrëll 1914 vun der Gemeng Habscht mat Stierfinfo.
  2. Doudesannonce vum 19. Januar 1990 am Lëtzebuerger Wort
  3. Zeitungsartikel "CSV-Kandidaten". Luxemburger Wort (14. Dezember 1968). Gekuckt den 21. Februar 2026.
  4. Jos Molitor, Martin Molitor, Laurent Pleimelding ; Layout: Luss Hilger, Lëtzebuerger Scouten Esch-Grenz : 1918-1993 75 (1993).
  5. Luxemburger Baden Powell Boy-Scouts, Nicolas Harles, Guy Scholer & Pe'l Schlechter, 50 Joer letzeburger Scouten (1969).
  6. Lëtzebuerger Scouten, Fränz Mouris, Guy Scholer, Jean Welter, Patrick Seiler & Lucien Hilger, 75 Joer Lëtzebuerger Scouten: 1919-1994 (1994).
  7. Zeitungsartikel "Hohe Auszeichnung für Néckel Hosch. Luxemburger Wort (27. Juli 1979). Gekuckt den 21. Februar 2026.
  8. WOSM, Lëscht vun de Persounen, déi den Bronze Wolf Award kruten. Gekuckt den 21. Februar 2026.