Op den Inhalt sprangen

Nicolas Kreins

Vu Wikipedia
Nicolas Kreins
Gebuer 31. Januar 1891
Gestuerwen 4. Juli 1964
Alter 73 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker
Fonctioun Schäffen, Buergermeeschter

Den Nicolas Kreins, gebuer den 31. Januar 1891 zu Nidderwolz a gestuerwen de 4. Juli 1964 zu Wolz[1], war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).

Politesch Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1924 un war hie 40 Joer am Gemengerot vu Wolz. 1934 gouf hien zweete Schäffen ënnert dem Buergermeeschter Joseph Simon. 1946 gouf hien den éischte Buergermeeschter vu Wolz nom zweete Weltkrich, an hat dëst Mandat bis 1957. Den 1. Januar 1964 ass hien op een neits Buergermeeschter ginn, ass awer am selwechte Joer verstuerwen.

A seng Amtszäit als Buergermeeschter falen ënner anerem d'Aweiung vum nationale Streikmonument an d'Grënnung vum Wolzer Festival.

1945, 1951 an 1954 hat den Nicolas Kreins bei de Chamberwale kandidéiert, gouf awer net gewielt.

No him genannt

[änneren | Quelltext änneren]

De "Schoulbeerig" zu Wolz, deen d'Avenue de la Gare an d'Route de Kautenbach verbënnt a wou déi zwou Grondschoule Villa Millermoaler a Reenert stinn, gouf no sengem Doud an "Avenue Nicolas Kreins" ëmbenannt.

Verschiddenes

[änneren | Quelltext änneren]

Dem Nicolas Kreins seng Enkelin, d'Renée Scheeck-Clam, war 1987 déi éischt Fra, déi an de Wëlzer Gemengerot gewielt gouf an do och Schäffe war.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. „Durich 200 Joer Weeltzer Geschicht gebleedert“, Emile Lutgen, 2016. S. 207 ff.
    Doudesannonce, Luxemburger Wort, Nr. 187 (06.07.1964), S. 6.