Nicolas Liez (Apdikter)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Apdikter an Historiker Niocolas Liez. Fir aner Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Liez.
Nicolas Liez
Gebuer 19. Februar 1836
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. Januar 1890
Réiden op der Atert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Den Nicolas Liez, gebuer den 19. Februar 1836[1] an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 19. Januar 1890 zu Réiden op der Atert, war e lëtzebuergeschen Apdikter an Historiker.

De 7. November 1859 gouf hien zu Lëtzebuerg als Apdikter zougelooss an den 20. Abrëll 1860 krut hien d'Autorisatioun, fir zu Réiden op der Atert eng Apdikt opzemaachen[2].

De Liez ass besonnesch bekannt fir säi bio-bibliographeschen Dictionnaire vum lëtzebuergesche Corps médical; donieft huet hien nach eng Rei historesch Artikele publizéiert, an och kleng Bäiträg an der Zäitschrëft "Das Luxemburger Land". Zesumme mat dem Martin Blum, deen deemools Paschtouer zu Nojem war, huet hien un dem Opstelle vun enger Lëtzebuerger Bibliographie geschafft[3]. Den 1. Juli 1885 hu si eng Circulaire un d'lëtzebuergesch Auteuren oder hir Famill geschéckt, fir vun hinne prezis bio-bibliographesch Donnéeën ze kréien. Déi Circulaire gouf och an der Press publizéiert[4]. D'Wierk, dat am Endeffekt nëmmen dem Blum säin Numm sollt droen, ass awer eréischt laang no dem Liez sengem Doud fäerdeg ginn.

De Liez war mat der Cathérine Duscherer, gebuer de 17. Mäerz 1838 zu Réiden op der Atert an do gestuerwen den 8. Oktober 1897, bestuet. D'Koppel hat eelef Kanner. Déi eelst Duechter, d'Anne-Marguerite, genannt Cathérine, war mat dem Apdikter François Mergen (1862 Lelleg - 1939 Réiden op der Atert) bestuet, deen dem Schwéierpapp seng Apdikt wärend deem senger Krankheetszäit viru sengem Doud betreit an duerno weidergeféiert huet[5].

De Nicolas Liez war e Cousin vum Zeitungsredakter an Auteur Nicolas Liez (1864-1941)[6].

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Histoire de la Seigneurie d'Arsdorf, d'après le manuscrit généalogique de Blanchart et d'autres renseignements. Das Luxemburger Land 1884, 3. Jg., Nr. 29, S. 451-453 [2], Nr. 30, S. 465-466. [3]
  • Dictionnaire avec des notices biographiques et bibliographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle: avec une biographie du docteur Félix Schaan. Veuve M. Bourger-Blum, Luxembourg 1886, III, 167 S.
  • Histoire des seigneuries de Colpach et d'Ell. Pierre Brück, Luxembourg 1886, 53 S.
  • Wilhelm III., König der Niederlande, Grossherzog von Luxemburg ; Adolf Wilhelm Friedrich Karl August Herzog von Nassau, Kronprinz von Luxemburg, und ihre Vorfahren. P. Brück, Luxemburg 1889, 144 S.
  • Major Franz Karl Hartmann: letzter Commandeur des Königl. Großherzog. Luxemburgischen 1. Jägerbataillons zum deutschen Bundesheere: Lebensereignisse eines Luxemburgers. Peter Brück, Luxemburg 1889, 42 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonymus, 2001. Personnagen: Nicolas Liez. Lëtzebuerger Journal 2001, Nr. 13 (19. Januar), S. 19.
  • Blum, M., 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 S. (Nicolas Liez: S. 741-742).
  • Friedrich, E., 1981. Kalennerblieder. Bd. 3. Lëtzebuerg, J.P. Krippler, 395 S. (Nicolas Liez: S. 26).
  • Conter, Claude D., 2007. Liez, Nicolas. S. 379 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag, pp. 653–1342 (Nicolas Liez: S. 958-959).
  • Liez, Nicolas, 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques et bibliographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle: avec une biographie du docteur Félix Schaan. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Liez 1886, S. 83, a Blum S. 742. De Kugener 2005, S. 958, gëtt den 20. Februar 1836 als Gebuertsdatum un, grad wéi deltgen.com www.deltgen.com (gelies den 13. Dezember 2010).
  2. Kugener 2005. Kuckt och: Avis. — Établissement d'une pharmacie am Mémorial Nr 22, zweeten Deel, vum 28. Abrëll 1860, S. 178. [1]
  3. Liez 1886, S. 83; C. Hury, 1981. Introduction. In: Martin Blum: Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications. Bd. 1: A-L, XIII-XXXIII.
  4. Luxemburger Wort 1885, Nr. 190 (9. Juli), S. 3
  5. Kugener 2005, S. 958 a S. 1044.
  6. Cf. Conter 2007: 379 an der Literatur.