Nicolas Liez (Moler)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler Niocolas Liez. Fir Persoune mat demselwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Liez.
Bild 1. Vue de la ville de Luxembourg depuis le Fetschenhof. 1870.[1]

Den Nicolas Liez, gebuer de 14. Oktober 1809 zu Neufchâteau (Vosges), a gestuerwen den 30. August 1892 zu Dresden, war e Lithograph, Moler, Zeechner an Enseignant.

Liewen

Dem Nicolas Liez säi Papp Jean-Joseph Liez, dee vun Neufchâteau an de Vogese staamt, war eng Zäit laang an der franséischer Garnisoun an der Stad Lëtzebuerg stationéiert. Hie goung nees a seng Heemecht zréck an huet sech do 1799 mat der Lëtzebuergerin Marie Weber bestuet. Wéi dee klenge Nicolas véier Joer al gouf ass d'Famill op Lëtzebuerg geplënnert.[2]

Mat 16 Joer goung den Nicolas Liez beim Jean-Baptiste Fresez an d'Léier an huet d'Zeecheschoul vun der Gemeng besicht. 1827 huet hie seng éischt Medail zu Lëtzebuerg gewonnen, 1830 eng aner op der Akademie vu Mons.

1832 gëtt den Nicolas Liez vum lëtzebuergesche Lithograph Reuter agestallt a fänkt un, aktiv un den Album « Voyage pittoresque dans le Grand-Duché de Luxembourg » matzeschaffen. Sou gouf den Direkter vun der Faïencerie Boch, de Jean-François Boch, op hien opmierksam, hien huet e vun 1837 un als Graveur bei sech schaffe gelooss an huet en 1840 op Paräis bei de Landschaftsmoler Hubert an d'Léier geschéckt, speziell fir sech an d'Konscht vun der Aquarell eranzeschaffen. De Liez huet 1851 d'Faïencerie verlooss, fir säin eegenen Atelier an der Rue du Piquet opzemaachen. Vun 1855 un war hien offiziell Enseignant fir Zeechnen, Physik a Chimie. No senger Hochzäit 1857 mam Anne Wirths huet hie säin Atelier engem vu senge Schüler iwwerlooss. Nach ëmmer vum Beruff faszinéiert huet hien déi opgeloosse Faïencerie vun Audun-le-Tiche opkaaft, mä huet sech séier ruinéiert. Nodeem en dat ganzt nees 1870 verkaaft huet gouf hien Direkter vun der Fabréck vu Villeroy & Boch zu Dresden. Do stierft hien 1892 nodeem hie sech a Sachsen e gudde Ruff als Moler gemaach hat.

Den Nicolas Liez war de Grousspapp vum Auteur an Zeitungsredakter Nicolas Liez (1864-1941).

Wierk (Auswiel)

Illustratiounen

Literatur

Um Spaweck

Commons: Nicolas Liez – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Kuckt och d'Bild vum William Turner aus den 1830er Joren, dat deen och vum Fetschenhaff aus gemolt huet.
  2. Quell vun dësem Kapitel: Noppeney 1933 in: Liez 1933, zitéiert vum Pierre Gregoire in Liez 1968 an der Literatur.