Op den Inhalt sprangen

Nicolas Linckels (Paschtouer)

Vu Wikipedia
Nicolas Linckels
Gebuer 28. Mee 1828
Angelduerf
Gestuerwen 22. September 1887
Hiefenech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kathoulesche Priister, Lycéesprofesser


Den Nicolas Linckels,[1] gebuer den 28. Mee 1828 zu Angelduerf, a gestuerwen den 22. September 1887 zu Hiefenech, war e lëtzebuergesche kathoulesche Geeschtlechen an Auteur.[2]

Dem Nicolas Linckels säi Papp war Bauer an huet och Nicolas geheescht. Hie war 1788 zu Angelduerf op d'Welt komm an hat sech 1814 zu Dikrech mat der Catherina Engeling bestuet. D'Koppel krut siwe Kanner. Den Nicolas Linckels war deen Zweetjéngsten.[3]

Hie war Schüler am Progymnase vun Dikrech an am Atheneum an der Stad. Dono huet hie vun 1847 bis 1848 op der Universitéit vu Louvain studéiert, fir dann an de Seminär vu Lëtzebuerg ze goen.[4] Hien ass den 30. August 1851 zu Tréier zum Priister geweit ginn. Hie war vum 30. September 1851 u Vikar an der Léiffraepar (Notre-Dame) an der Stad, dono vum 30. Abrëll 1852 u Vikar-Koadjutor zu Mäertert.

Am Abrëll 1854[5] ass hie Professer am Iechternacher Kolléisch (deemools École moyenne et industrielle d'Echternach) ginn, wou hie Relioun, awer och aner Fächer, wéi Däitsch oder Geographie, enseignéiert huet. Säi Joresgehalt war 1.500 Frang.[6] Den 19. Oktober 1865 krut hie seng Demissioun accordéiert, fir bei d'Trappisten ze goen. Säi Nofollger als Reliounsprofesser am Iechternacher Kolléisch war de Bernard Krier.[7] De Linckels blouf e puer Méint bei den Trappisten, déi hie verlooss huet, well en dat strengt Liewe vun deem Uerde gesondheetlech net ausgehalen huet.[8] De 14. Abrëll 1866 ass hie Paschtouer zu Hiefenech ginn.

  • Notizen über die Pfarrkirche zu Echternach. Programm der Mittel- und Gewerbschule zu Echternach 1856-1857, S. 13-22.
  • Arendt, K., 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vorwort: Paul Margue. Luxemburg, E. Kutter, 514 S. [Nicolas Linckels, S. 490].
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p. [Nicolas Linckels, S. 744].
  • Heuertz, F., 1922. Personnel de l'enseignement moyen ou secondaire du Grand-Duché de Luxembourg 1839-1922 (1er août). Programme du Gymnase de Luxembourg, Imprimerie St-Paul, VIII, 79 S. [Nicolas Linckels, S. 36].
  • Kauthen, P., 1992. Du Collège au Lycée classique. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg, Imprimerie St-Paul: 45-169. [Nicolas Linckels, S. 87].
  • Koenig, A., 1923. Berühmte Moselaner. Bd. 2. Grevenmacher, Neue Mosel-Zeitung (Mich. Braun), 101 S. [Biographien Nr. 287-624]. (Pseudonym des Autors: Paul Felix von der Mosel). [Nicolas Linckels, S. 52].
  • M., 1887. † Nikolaus Linkels [sic], Pfarrer in Heffingen. Luxemburger Wort 1887-09-29, S. 2-3. [1]
  • Thill, J., 1897. Le Collège d'Echternach comme établissement de l'État depuis sa création jusqu'en 1897. Programme du Progymnase d'Echternach 1896-1897, S. 1- 68.
  • Wort, 1887. Heffingen, 22. September. (Sterbefall). Luxemburger Wort 1887-09-23, S. 2 , Nr. 266 (Freitag). [2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Oft „Linkels“ geschriwwen, z. B. Wort 1887, M. 1887.
  2. Wort 1887, M. 1887, Arendt 1972, Blum 1981, Heuertz 1922, Koenig 1923, Kauthen 1992.
  3. Luxroots.com
  4. M. 1887, Arendt 1972.
  5. Genauen Datum laut Thill 1897 (S. 27): 20. Abrëll 1854; laut Arendt 1972: 26. Abrëll 1854. – Am Wort 1887 a beim Koenig 1923 steet als Datum vun der Ernennung als Professer de 26. Abrëll 1855.
  6. Programm der Mittel- und Gewerbschule Echternach 1853-1854, S. 12 (Vertheilung der Lehrgegenstände unter die Professoren nebst Angabe der Unterichtstunden eines jeden); S. 25 (Gehälter).
  7. Thill 1897, S. 35.
  8. Wort 1887.