Nicolas Margue

Vu Wikipedia
Nicolas Margue
Gebuer 2. Januar 1888
Féngeg
Gestuerwen 18. Mäerz 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Famill
Kanner Paul Margue, Georges Margue

Den Nicolas Margue, gebuer den 2. Januar 1888 zu Féngeg, a gestuerwen den 18. Mäerz 1976 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Professer a Politiker (CSV).

Vun 1937 bis zur däitscher Invasioun 1940, an dunn nees vun 1945 bis 1948 war hie Landwirtschafts- an Erzéiungsminister. Hie war deen eenzege Minister, deen den 10. Mee 1940 net zur Zäit iwwer d'Grenz koum. Géint 3:30 Auer moies fréi ass en a Richtung belsch Grenz gefuer. Et war ze spéit, hie koum net méi duerch. Well den Okkupant hien als däitschfeindlech betruecht huet, gouf déi ganz Famill a Schlesien, fir d'éischt op Leubus, an duerno op Boberstein ëmgesidelt, an ee vu senge Jongen, de Paul Margue, gouf an de Reichsarbeitsdienst (RAD) agezunn.

Nom Krich war den Nicolas Margue, zesumme mam Jean Feltes, ee vun de "Pappe" vun der kontroverséierter Offizieller Lëtzebuerger Orthographie.

Vun 1945 bis 1972 war hie President vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Hie war vun 1952 u Lëtzebuerger Member vun der Assemblée commune vun der CECA an huet sech do staark fir d'Erhalung vum Sëtz vum Schumanplang zu Lëtzebuerg agesat. Den Nicolas Margue war och Member vum Aktiounskommittee fir d'Vereenegt Staate vun Europa, dee 1955 vum Jean Monnet gegrënnt gouf.

De 4. August 1959 gouf den Nicolas Margue als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis zu senger Demissioun den 30. September 1970 bliwwen.[2]

D'Stad Lëtzebuerg an d'Gemeng Kënzeg hu Stroossen nom Nicolas Margue genannt.

Den Nicolas Margue war de Papp vum Georges a vum Paul Margue.

Seng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Herchen, Arthur:Manuel d'histoire nationale, Déi aacht Editioun ass 1968 erauskomm. Dës Editioun an déi virdru si vum Nicolas Margue a Joseph Meyers neibeaarbecht an ergänzt ginn.
  • Margue, Nicolas: Aperçu historique am Le Luxembourg, le livre du Centenaire, Imprimerie Saint-Paul,SS. 7-25, Zweet Editioun: 1949.
  • Margue, Nicolas: Mouvements contre-révolutionnaires dans le Luxembourg 1831-32 ; Lëtzebuerg, 1939 (= Sammlung vun Artikelen, déi 1930, 1932 an 1933 an der Geschichtszäitschrëft Ons Hémecht erauskomm waren).
  • Margue, Nicolas: Die Entwicklung des Luxemburger Nationalgefühls von 1870 bis heute ; in: Deutsches Archiv für Landes- und Volksforschung ; Leipzig, 1937 (och an der Zäitschrëft Ons Hémecht!).

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Dostert, Nicolas Margue, 1888-1976 ; in: 400 Joer Kolléisch, Band II, Ss. 357-359; Lëtzebuerg (Éditions Saint-Paul), 2003. ISBN 2-87963-419-9.
  • Annemie (Dostert-)Margue & Tessy Margue, Nicolas Margue, 1888-1976 - Fotoen aus enger politescher Carrière ; Virwuert vum Paul Margue, Ss. 4-5; Lëtzebuerg (beim Annemie Margue), 2013; 83 Säiten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, S. 283.
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  3. Hohe Auszeichnungen. Obermoselzeitung. eluxemburgensia.lu (2. Februar 1948). Gekuckt de(n) 2023-01-24.