Nicolas Martha

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nicolas Martha
Nikloskierfecht, Nicolas & Charles Martha-104.jpg
Gebuer 7. November 1820
Gestuerwen 4. September 1898
Aktivitéit Lycéesprofesser, Mathematiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Nicolas Martha, gebuer de 7. November 1820 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 4. September 1898, war vun 1847 u Mathematiksprofesser am Stater Kolléisch.

Hie war och un der Grënnung vun der Spuerkeess bedeelegt a gouf 1856 hiren éischten Direkter, eng Plaz déi e bis zu sengem Doud behalen huet.

Den Nicolas Martha war zesumme mam Dicks a Michel Lentz, 1849 ee vun de Matgrënner vum éischte Stater Turnveräin, der Gym, där hire President hie war. Vun 1863 bis 1875 war hie Member vum Stater Gemengerot, déi 5 lescht Joer dovun als Schäffen.

Hien huet verschidden Aarbechten iwwer Mathematik geschriwwen an e Rapport iwwer Gemengenaffäre vun der Stad Lëtzebuerg (1874-75).

Fir un hien z'erënnere gouf zu Bouneweg eng Strooss no him benannt.