Nicolas Plein

Vu Wikipedia
Nicolas Plein
Den Nicolas "Schnuck" Plein
Gebuer 25. Februar 1934
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 26. Mäerz 2019
Téiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP

Den Nicolas Plein, genannt Schnuck, gebuer de 25. Februar 1934 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 26. Mäerz 2019 zu Téiteng[1], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

De Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf bei de Gemengewale vun 1975 op der Lëscht vun der LSAP an de Keeler Gemengerot gewielt, an den 1. Januar 1976 huet hie säi Mandat ugetrueden. Den 1. Januar 1982 gouf hie Schäffen ënner dem Buergermeeschter Jules Kauffmann, an no deem senger Demissioun huet hien den 31. Juli 1985 d'Plaz vum Buergermeeschter iwwerholl, wou hie bis den 31. Dezember 1993 bliwwen ass. Vun 1994 bis 1996 war hien nees Conseiller[2].

Säin Nofollger war de Fred Coullen. Hie war zanter 2012 Éierebuergermeeschter vun der Gemeng Keel.

De Foussballspiller[änneren | Quelltext änneren]

A senger Jugend war de Schnuck Plein aktive Foussballspiller, hie war vun 1949 bis 1961 beim SC Téiteng an huet am Ganzen 135 Matcher fir Téiteng gespillt. Mam SC Téiteng hat hien 1951 d'Coupe gewonn. An der Finall géint den CS Gréiwemaacher hat hien den 1-0 geschoss (Endresultat 2-0).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • rsd., 2012. Anerkennung für Leistungen: zwei Ehrenbürgermeister für die Gemeinde Kayl. Luxemburger Wort 2012, Nr. 59 (9. Mäerz), S. 35.
  • FH, 2012. Kayl/Tetingen: Zwei Lokalpolitiker gewürdigt: Nic. Plein und Jules Wihelm Ehrenbürgermeister. Tageblatt 2012, Nr. 59 (9. Mäerz), S. 21.
  • na/rsd, 2019. Nicolas Plein verstorben. Luxemburger Wort 2019, Nr. 75 (29. Mäerz), S. 29.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 28. Mäerz 2019
  2. Luxemburger Wort 2019-03-28, S. 47 (Annonce vum Schäfferot vun der Gemeng Keel)