Nicolas Ries

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Nicolas Ries
Gebuer 28. Oktober 1876
Fluessweiler
Gestuerwen 7. Mee 1941
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser
Member vun Société des écrivains luxembourgeois de langue française, Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur, Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Nicolas (och Nikolaus) Ries, gebuer den 28. Oktober 1876 zu Fluessweiler a gestuerwen de 7. Mee 1941 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller an Editeur, deen ë. a. och ënner de Pseudonymer Jean Vedruns, Philinthe, Lepékin, Jean de la Cluse, Alceste oder Vatel-Le-Jeune geschriwwen huet.

Den Nicolas Ries, deen aus enger Wënzer- a Bauerefamill koum, war Lycéesprofesser. Hien huet Essayen, Romaner, en Theaterstéck, Sach- a Reesbicher, an eng sëllegen Artikele fir Zeitungen an Zäitchrëfte geschriwwen, dorënner am Tageblatt an am Landwirth, an huet och gezeechent.

Hien huet 1923 zu de Matgrënner vu Les Cahiers luxembourgeois gezielt a war bis 1940 hiren Editeur a Redaktiounssekretär. 1934 war hien och Matgrënner vun der SELF. Hie war Member vun den Amitiés françaises, der Alliance française, der APESS an der literarescher Sektioun vum Institut grand-ducal. Ausserdeem war den Nicolas Ries President a Bibliothecaire vun de Volleksbildungsveräiner.

D'Plaz vis-à-vis vun der Gemeng vu Fluessweiler dréit dem Nicolas Ries säin Numm; si ass den 3. Oktober 2013 ageweit ginn.[1]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Essayen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1909. Die Luxemburger Sprichwörter: eine kulturgeschichtlich-psychologische Untersuchung. 101 p. J. Schroell, Diekirch.
  • 1911. Le dualisme linguistique et psychique du peuple luxembourgeois. Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1910-1911, Gymnase grand-ducal de Diekirch. pp. 3–43. J. Schroell, Diekirch.
  • 1911. Essai d'une psychologie du peuple luxembourgeois. 318 p. J. Schroell, Diekirch.
  • 1916. Die Grundlagen der Demokratie. 23 p. Gustav Soupert, Luxemburg.
  • 1920. Le peuple luxembourgeois. Essai de psychologie. 294 p. 2ième édition revue et augmentée. Éd. Paul Schroell, Diekirch. Imprimerie J. Schroell, Diekirch.

Romaner[änneren | Quelltext änneren]

  • 1936. Le diable aux champs: simple histoire. 262 p. Ed. des Cahiers luxembourgeois. J.P. Worré, Luxembourg.
  • 1940. Sens unique. 303 p. Luxembourg: Les cahiers luxembourgeois.
  • ëm 1940. Le boxeur impénitent. Manuskript.

Theaterstécker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1899. Johann der Blinde oder Ritter und König. Manuskript.

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1927. Le sourire de Philinthe: propos quotidiens. Anthologie. 238 p. P. Schroell, Luxembourg.
  • 1934. Vorstadt-Chronik. An: Société de gymnastique Clausen, 1934. 1884-1934: Livre d'or édité à l'occasion de son 50me anniversaire. Luxembourg.
  • 1939. Panorama de Bourscheid. Les cahiers luxembourgeois: revue libre des lettres, des sciences et des arts, 16, n° 1: 9-22. Luxembourg.

Sach- a Reesbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1928. Le beau pays de Luxembourg. Zesumme mam Robert Hausemer. 159 p. Impr. artistique luxembourgeoise, Luxembourg.
  • 1928. Das romantische Luxemburg. 159 p. Luxemburger Verlagsanstalt Dr. R. Hausemer, Luxemburg (Luxemburger Kunstdruckerei). [däitsch Iwwersetzung vun: Le beau pays de Luxembourg]
  • 1932. Le beau pays de Luxembourg. Zesumme mam Robert Hausemer. 2e éd., 156 p., 165 ill. Impr. artistique luxembourgeoise, Luxembourg.

Weider Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Feierstunde in Flaxweiler: Würdigung für einen Sohn der Ortschaft: Place Nicolas Ries im Beisein zahlreicher Gäste eingeweiht. Luxemburger Wort 2013, Nr. 235 (8. Oktober), S. 28.